Europa LeagueBarcelona muss géint Manchester United erun, Ajax géint Union Berlin

RTL Lëtzebuerg
No der Champions League war e Méindeg de Mëtteg zu Nyon an der Schwäiz och nach den Tirage vun der Europa League.
© AFP (Archiv)

Déi Ekippen, déi hir Grupp als Tabellenéischten ofgeschloss hunn, sti schonns an der Ronn vun de beschte 16 Ekippen. E Méindeg gouf et den Tirage vun der Knockout Round Playoff. Deemno koum et hei zu 8 Dueller tëscht den Tabellenzweeten aus der Europa-League-Gruppephas an den Tabellendrëtten aus der Champions-League-Gruppephas. Gespillt gëtt de 16. an 23. Februar.

D’Matcher am Iwwerbléck:

FC Barcelona - Manchester United

Juventus Turin - FC Nantes

Sporting Lissabon - FC Midtjylland

Shakhtar Donezk - Stade Rennes

Ajax Amsterdam - Union Berlin

Bayer Leverkusen - AS Monaco

FC Sevilla - PSV Eindhoven

FC Salzburg - AS Roum

Back to Top
CIM LOGO