Internationale FuttballBayern geléngt Generalprouf viru Club-WM

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Rekordchampion Bayern München huet sech mat engem haart erkämpften 1:0 bei der Hertha vu Berlin duerchgesat.
© AFP

E Freideg den Owend stoung an der Bundesliga ee Match fir de Kont vum 20. Spilldag um Programm an an der Serie A gouf den 21. Spilldag lancéiert.

Bundesliga

Hertha BSC Berlin - Bayern München 0:1
0:1 Coman (21')

Fir den Optakt vum 20. Spilldag an der Bundesliga huet sech den Champions-League-Gewënner am wanterleche Berlin mat méi Méi wéi erwaart bei Hertha BSC mat 1:0 (1:0) duerchgesat a baut domadder d’Tabelleféierung op d’mannst emol bis e Samschdeg aus. De Virsprong op den éischte Verfolger Leipzig läit elo bei zéng Punkten.

An der 12. Minutt hat de Lewandowski vum Punkt d’Chance fir d’Bayern a Féierung ze bréngen, ma de Weltfuttballer huet net getraff. Den decisive Gol huet dunn de Coman an der 21. Minutt geschoss. An de leschte Minutten hat d’Ekipp vum Flick Chance, datt et bei den dräi Punkte bliwwen ass. De Cunha war an der 88. Minutt nämlech eleng op den Neuer duergelaf, ma huet d’Chance net genotzt.

D’Bayern hu mat der Victoire een erfollegräiche Bundesliga-Comeback vum Rio-Weltmeeschter Sami Khedira verhënnert. Den 33 Joer alen Däitschen, deen e Méindeg vu Juventus Turin bei Berlin gewiesselt war, gouf an der 81. Minutt agewiesselt.

Fir Bayern München ass et e Freideg den Owend nom Match direkt weider a Richtung Doha gaangen. E Méindeg den Owend um 19 Auer spillt een an der Halleffinall vun der Club-WM géint den afrikaneschen Champions-League-Gewënner Al Ahly SC aus Ägypten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Serie A

AC Florenz - Inter Mailand 0:2
0:1 Barella (31'), 0:2 Perisic (52')

Inter Mailand huet an der provisorescher Tabell vun der Serie A d’Féierung iwwerholl. Auswäerts huet ee sech duerch Goler vum Barella an der 31. Minutt an dem Perisic an der 52. Minutt mat 2:0 géint den AC Florenz duerchgesat. Inter huet elo ee Punkt Virsprong op den AC Mailand, deen e Sonndeg géint den FC Crotone spillt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO