Internationale FuttballBayern München an Arminia Bielefeld trenne sech 3:3

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet an der Premier League West Ham United 3:0 géint Sheffield United gewonnen, Chelsea gewënnt mat 2:0 géint Newcastle United.
© ADAM PRETTY / POOL / AFP

Bundesliga

Bayern München - Arminia Bielefeld 3:3
0:1 Vlap (9'), 0:2 Pieper (37'), 1:2 Lewandowski (48'), 1:3 Gebauer (49'), 2:3 Tolisso (57'), 3:3 Davies (78')
Zu enger Sensatioun war et e Méindeg dem Owend bal tëscht der Partie Bayern Münche géint Arminia Bielefeld komm. No der éischter Hallschent vum Match war nämlech Bielefeld mat 2:0 géint Münche fir, dat no Goler vum Vlap an der 9. Minutt a vum Pieper an der 37. Minutt.

An den zweete 45. Minutten huet Bayern dunn awer den Uschloss nees fonnt, dat mat engem séiere Gol vum Lewandowski an der 48. Minutt. Eng Minutt drop war et dunn awer nees den 3:1 vu Bielefeld, dat vum Gebauer. An der 57. Minutt verkierzt den Tolisso dann op 3:2 fir Bayern. 21 Minutte méi spéit dunn huet den Davies dunn de scho bal erléisenden 3:3 fir Bayern München geschoss. Mat deem Resultat ass et dunn och op en Enn gaangen, eng Sensatioun fir Bielefeld ass ausbliwwen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

West Ham United - Sheffield United 3:0

1:0 Rice (41'), 2:0 Diop (58'), 1:2 Fredericks (96')

An der 41. Minutt ass et zum éischte Gol vum Match komm, dat no engem Eelefmeter vum Rice fir West Ham United. No der Hallschent war et dunn an der 58. Minutt den Diop, deen den 2:0 fir seng Ekipp markéiert huet. Fir Sheffield ass et nach méi batter ausgaangen, dat mat engem Géigegol vum Fredericks an der 96. Minutt.

FC Chelsea - Newcastle United 2:0

1:0 Giroud (31'), 2:0 Werner (39')

No senger Awiesslung an der 20. Minutt, ass et de Giroud, deen an der 31. Minutt den 1:0 fir Chelsea markéiert. An der 39. Minutt, also 8 Minutte méi spéit, fält den 2:0 fir Chelsea, dat duerch de Werner.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO