Internationale FuttballBayern München iwwerrennt Werder Bremen

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga gouf et en Dënschdeg eng eendeiteg Victoire fir Bayern München. An Neapel konnt de Virsprong géigeniwwer Mailand an der Serie A ausbauen.
© AFP/CHRISTOF STACHE

En Dënschdeg den Owend ass a verschiddenen europäesche Futtball-Championnater de Ball gerullt.

Bundesliga

Wolfsburg - Dortmund 2:0
1:0 van de Ven (6'), 2:0 Nmecha (90+2')

No dräi Victoiren noeneen huet Dortmund nees e Match an der Bundesliga verluer an domadder de Sprong op déi zweete Plaz an der provisorescher Tabell hannert de Bayern verpasst. D’Ekipp vum Trainer Edin Terzic huet beim formstaarke VfL Wolfsburg mat 0:2 (0:1) verluer. De van de Ven (6') an den Nmecha (90+1') hu fir d’Wëllef markéiert. Déi Dortmunder haten esou munch Problemer mat der gutt organiséierter Defense vun den Haushären, dacks huet den Tempo gefeelt, d’Iddien an déi néideg Entschlossenheet. Mat der Zäit hunn d’Gäscht sech wuel Chancen erausgespillt, ma e Gol konnt de VfL awer verhënneren.

Fir de BVB ass et déi éischt Néierlag zu Wolfsburg zanter Mee 2015.

Bayern München - Werder Bremen 6:1
1:0 Musiala (6'), 1:1 Jung (10'), 2:1 Gnabry (22'), 3:1 Goretzka (26'), 4:1 Gnabry (28'), 5:1 Gnabry (82'), 6:1 Tel M. (84')

Duerch d’Victoire géint Werder Bremen ka sech Bayern München un der Tabellespëtzt behaapten. An der 6. Minutt huet de Musiala den 1:0 mat engem Schoss an de lénksen Eck markéiert. Deen eenzege Gol fir Werder Bremen huet de Jung (10') geschoss. Bannent nëmme 6 Minutte konnten de Gnabry (22', 28') an de Goretzka (26') de 4:1 markéieren. Duerch e Pass vum Mazraoui huet de Gnabry an der 82. Minutt de 5:1 gemaach. De 6:1 huet de Mathy Tel an der 84. Minutt markéiert.

Stuttgart - Hertha BSC 2:2
1:0 Guirassy (3'), 1:1 Lukébakio (19'), 2:1 Mavropanos K. (90+8')

No engem schéine Pass huet de Guirassy (3') den 1:0 fir Stuttgart markéiert. Mat engem Schoss an de rietsen ënneschten Eck huet de Lukébakio (19') den 1:1 fir Hertha geséchert. An der Nospillzäit konnt de Mavropanos (90+8') den 2:1 fir Stuttgart mat engem Käpper markéieren.

Bochum - Borussia Mönchengladbach 2:1
1:0 Antwi-Adjej (9'), 2:0 Hofmann (12'), 2:1 Pléa A. (62')

Et war en iwwerraschende Match fir Bochum géint Borussia Mönchengladbach, trotz Ofstigsplaz huet sech Bochum mat 2:1 duerchgesat. An der 7. Minutt krut den Antwi-Adjej ugangs e Gol wéinst Abseits oferkannt, nodeems den Arbitter de Videobeweis gekuckt huet, stoung allerdéngs fest, datt et kee Foul gouf, domat stoung den 1:0 fir Bochum. Den Hofmann (12') huet den 2:0 markéiert. An der 62. Minutt dunn den 2:1 vum Pléa mat engem Schoss an dee rietsen Eck. Den 2:2 vum Bensebaini (83') gouf wéinst Abseits oferkannt. De Lëtzebuerger Futtball Yvandro Borges gouf op Säite vu Mönchengladbach net agewiesselt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Serie A

SSC Neapel - Empoli 2:0
1:0 Lozano (64'), 2:0 Zielinski (88')

Am italieneesche Championnat gouf et eng weider Victoire fir de Leader Neapel. Duerch Goler vu Lozano an Zielinski huet ee sech mat 2:0 behaapt an et steet ee weiderhi souverän un der Tabellespëtzt.

Cremonese - AC Mailand 0:0

Mam 0:0 tëscht Cremonese a Mailand baut Neapel säi Virsprong an der Serie A op 8 Punkten aus. Virun allem an der éischter Hallschent vum Match koum Mailand nëmmen zu wéinege Chancen. An der 57. Minutt konnt den Origi de Ball zwar an de Gol schéissen, krut dësen awer wéinst Abseits oferkannt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Back to Top
CIM LOGO