
Am Grupp E hat de Favorit Belsch wéineg Schwieregkeete mat Belarus a Wales konnt eréischt spéit de Match géint Tschechien entscheeden.
Am Grupp G huet Holland Gibraltar iwwerrannt, Norwegen konnt sech just knapp géint de Montenegro duerchsetzen a Lettland huet den Tierken d’Liewe schwéier gemaach an zum Schluss ee Punkt matgeholl.
Déi éischt Victoire fir d’Slowakei am Grupp H gouf et géint Russland, Kroatien huet sech eréischt spéit géint Malta behaapt an Zypern konnt Slowenien iwwerraschen.
LINK: Fannt hei d’Resultater vun der Grupp vun de Roude Léiwen
Belsch - Belarus 8:0
1:0 Batsuayi (14.’), 2:0 Vanaken (17.’), 3:0 Trossard (38.’), 4:0 Doku (42.’), 5:0 Praet (49.’), 6:0 Benteke (70.’), 7:0 Trossard (76'), 8:0 (89.’)
Wales - Tschechien 1:0
1:0 James (82.’)
D’Belsch sti lo mat 7 Punkten aus 3 Matcher un der Spëtzt vun der Tabell, dat virun Tschechien mat 4, Wales a Belarus mat 3 an Estland mat 0 Punkten.
Gibraltar - Holland 0:7
0:1 Berghuis (41.’), 0:2 L. De Jong (55.’), 0:3 Depay (61.’), 0:4 Wihnaldum (62.’), 0:5 Malen (64'), 0:6 van de Beek (85'), 0:7 Depay (88.’)
Montenegro - Norwegen 0:1
0:1 Sörloth (35.’)
Tierkei - Lettland 3:3
1:0 Karaman (2.’), 2:0 Calhanoglu (33.’), 2:1 Savalnieks (35.’), 3:1 Yilmaz (52.’, Eelefmeter), 3:2 Uldrikis (57.’), 3:3 Ikaunieks (79.’)
D’Tierkei bleift weider Tabelleleader mat 7 Punkten, dohannert kommen Holland, Montenegro an Norwegen mat all Kéier 6 Punkten. Lettland huet 1 Punkt a Gibraltar nach 0.
Slowakei - Russland 2:1
1:0 Skriniar (38.’), 1:1 Fernandes (71.’), 2:1 Mak (74')
Kroatien - Malta 3:0
1:0 Perisic (62.’),2:0 Modric (76.’), Brekalo (90.’)
Zypern - Slowenien 1:0
1:0 Pittas (42.’)
Kroatien a Russland sti mat 6 Punkten un der Spëtzt vun der Tabell, d’Slowakei huet der 5, Zypern 4, Slowenien 3 a Malta 1 Punkt um Konto.