
E Freideg den Owend war et d’Suite vum 1. Spilldag an der Nations League.
Belsch - Holland 1:4
0:1 Bergwijn (40'), 0:2 Depay (51'), 0:3 Dumfries (62'), 0:4 Depay (66'), 1:4 Batshuayi (90+3')
Eng verdéngt kloer 4:1-Victoire huet sech Holland géint d’Belsch geséchert. Quasi de ganze Match iwwer war Holland déi besser Ekipp, eréischt an der Schlussphas sinn d’Diables Rouges am Spill no vir méi geféierlech ginn. No Goler vu Bergwijn, Depay an Dumfries konnt de Batshuayi an der Nospillzäit awer just nach den 1:4 markéieren. Un der Victoire vun Holland war näischt méi ze maachen.
Fir d’Ekipp vum Louis van Gaal war et déi éischt Victoire géint d’Belsch zanter 1997. Zanter 10 Matcher ass een elo och ongeschloen.
Frankräich - Dänemark 1:2
1:0 Benzema (51'), 1:1 Cornelius (68'), 1:2 Cornelius (89')
Dänemark huet sech iwwerraschend dräi Punkte géint Frankräich geséchert. Nodeems de Benzema d’Fransouse mat 1:0 a Féierung bruecht hat, war et de Cornelius, deen an der 68. Minutt fir d’éischt op 1:1 gesat huet an duerno an der 89. Minutt fir d'2:1-Schlussresultat gesuergt huet. D’Haushäre sinn e Freideg den Owend offensiv ni richteg an de Match komm an hu besonnesch no der Auswiesslung vum Varane grouss Lächer an der Defense gelooss.
Kroatien - Éisträich 0:3
0:1 Arnautovic (41'), 0:2 Gregoritsch (54'), 0:3 Sabitzer (57')
Dem Ralf Ragnick säin Debut mat der éisträichescher Nationalekipp ass gelongen. Duerch Goler vun Arnautovic, Gregoritsch a Sabitzer huet ee sech a Kroatien mat 3:0 duerchgesat.
Kasachstan - Aserbaidjan 2:0
1:0 Aymbetov (50'), 2:0 Aymbetov (60')
Belarus - Slowakei 0:1
0:1 Suslov (61')
Lettland - Andorra 3:0
1:0 Uldrikis (9'), 2:0 Uldrikis (77'), 3:0 Ikaunieks (85', Eelefmeter)
Liechtenstein - Moldawien 0:2
0:1 Nicolaescu (5'), 0:2 Bolohan (90+4')