Europa LeagueBenfica géint Arsenal, schwéier Louse fir Bern, Kiew a Lille

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Mëtteg um 13 Auer war zu Nyon och nach d'Auslousung vun der Ronn vun de beschten 32 an der Europa League.
© AFP

Hei si jeeweils déi 12 Gruppegewënner an déi 12 Zweetplacéiert aus der Europa-League-Gruppephas dobäi an 8 Ekippen, déi an der Champions-League-Gruppephas déi 3. gi sinn. Aus der Champions League nei elo an der Europa League dobäi si Manchester United, Shakhtar Donetsk, Club Bruges, Ajax Amsterdam, Dynamo Kiew, Olympiakos Piräus, FC Salzburg a Krasnodar.

Dynamo Kiew mam Lëtzebuerger Nationalspiller Gerson Rodrigues spillt géint Bruges, d‘Young Boys Bern mam Christopher Martins kréien et mat Bayer Leverkusen ze dinn a Lille, de Veräin vum President Gérard Lopez, muss géint Ajax Amsterdam untrieden.

D'16tels-Finallen am Iwwerbléck

Wolfsberger AC - Tottenham Hotspur

Dynamo Kiew - Club Bruges

Real Sociedad - Manchester United

Benfica Lissabon - FC Arsenal

Roude Stär Belgrad - AC Mailand

Royal Antwerpen - Glasgow Rangers

Slavia Prag - Leicester City

FC Salzburg - FC Villareal

SC Braga - AS Roum

FC Krasnodar - Dinamo Zagreb

Young Boys Bern - Bayer Leverkusen

Molde FK - TSG Hoffenheim

FC Granada - SSC Neapel

Maccabi Tel-Aviv - Shakhtar Donetsk

LOSC Lille - Ajax Amsterdam

Olympiakos Piräus - PSV Eindhoven

D’Allersmatcher ginn den 18. Februar an d’Retourmatcher de 25. Februar gespillt.

Back to Top
CIM LOGO