BundesligaBielefeld trennt sech vum Uwe Neuhaus

RTL Lëtzebuerg
Arminia Bielefeld huet sech e Méindeg vum Trainer Uwe Neuhaus getrennt. Dat gouf och offiziell confirméiert.
© AFP

Den Opsteiger läit aktuell op der 16. Plaz an der Tabell a rutscht ëmmer méi déif an den Tabellekeller. Déi lescht Victoire gouf et am Januar. Aktuell sti si zwar nach op der Relegatiounsplaz, ma si hunn nëmme méi ee Punkt Avance op eng direkt Ofstigsplaz.

Back to Top
CIM LOGO