Neien Trainer vum Barreiro bekanntBo Svensson sëtzt an Zukunft zu Mainz um Trainerstull

RTL Lëtzebuerg
De Bo Svensson ass schonns de 4. Trainer an dëser Saison zu Mainz.
© AFP (Archiv)

Enn Dezember war scho bekannt ginn, datt mam Christian Heidel an dem fréieren Trainer Martin Schmidt zwee al bekannte Gesiichter zeréck am Veräin sinn. Si iwwerhuelen de Posten am Virstand respektiv dee vum Sportdirekter. Um Méindeg gouf dann elo och deen neie Mann um Trainerstull offiziell presentéiert. Et ass de Bo Svensson. Den 41 Joer alen Dän huet selwer siwe Joer fir de Veräin gespillt. Hie gëtt domadder de Successeur vum Jan-Moritz Lichte.
E Sonndeg hat Mainz bei Bayern München mat 2:5 de Kierzeren gezunn. De Club steet mat 6 Punkten op der zweetleschter Plaz an der Tabell.

Back to Top
CIM LOGO