
De Match tëscht Jahn Regensburg a Werder Bremen ass wéinst ze vill Corona-Fäll bei Regensburg net gespillt ginn. Dëse Match gëtt elo de 7. Abrëll nogeholl. De Gewënner kritt et dann an der Halleffinall mat RB Leipzig ze dinn. Borussia Dortmund spillt doheem géint den Zweetligist Holstein Kiel.
D’Halleffinalle ginn dann den 1. a 2. Mee gespillt. D’Finall ass den 13. Mee zu Berlin.
Regensburg/Bremen - RB Leipzig
Borussia Dortmund - Holstein Kiel