Internationale FuttballBraunschweig eliminéiert Hertha aus DFB Pokal, PSG wënnt franséische Supercup

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet sech am DFB Pokal Mannheim géint Holstein Kiel duerchgesat. Schalke, Augsburg a Borussia Mönchengladbach hunn hir Partien souverän gewonnen.
© JACK GUEZ / AFP

Supercup a Frankräich

Eng kloer Victoire gouf et fir den Superstar-Ensemble aus der franséischer Haaptstad géint Nantes. No 22 Minutte si si duerch de Messi a Féierung gaangen an den Neymar huet an der Nopsillzäit op 2:0 gesat. An der 57. Minutt huet de Ramos markéiert an an der 82. den Neymar vum Punkt. Den Eelefmeter war vum Castelletto ausgeléist ginn, dee fir säi Feeler vum Terrain geschéckt gouf. Nantes war an dësem Duell mat grad emol zwee Schëss op de Gol ze ongeféierlech, esou datt de PSG ouni gréisser Schwieregkeeten den éischten Titel vun der Saison ka feieren.

DFB-Pokal

Nodeems um Samschdeg Leverkusen a Köln aus dem DFB Pokal erausgeflu waren, huet et um Sonndeg d’Hertha vu Berlin aus der 1. an Holstein Kiel aus der 2. Bundesliga erwëscht.

E geckege Match gouf et zu Braunschweig. D’Hertha Berlin war an der Paus mat 2:0 vir. Braunschweig koum innerhalb vun 3 Minutten op 2:2 erun. An der Verlängerung gouf et dunn en Hin an Hir am Resultat. D’Heemekipp war 3:2 vir, d’Gäscht hu beim 4:3 de Match awer gedréint. Kuerz viru Schluss huet den Underdog ausgeglach. Am Eelefmeterschéissen huet sech du Braunschweig mat 6:5 behaapt.

Beim Match Mannheim géint Holstein Kiel soll et och an d’Eelefmeterschéisse goen. An der regulärer Spillzäit an an der Verlängerung si keng Goler gefall. D’Heemekipp huet déi besser Nerve gewisen a sech mat 5:3 duerchgesat.

Mat am meeschte Krämpes, eng Ronn weiderzekommen, hat och Freiburg zu Kaiserslautern. D’Heemekipp war bis zur 83. Minutt duerch e Gol vum Ritter a Féierung. Duerch e Gol vum Sallai huet Freiburg et an d’Verlängerung gepackt. An der 111. Minutt huet den Doan d’Partie fir d’Gäscht entscheet. Och Hoffenheim huet sech just knapp mat 2:0 no Verlängerung zu Rödinghausen duerchgesat.

Bei der klorer 9:1-Victoire vu Mönchengladbach beim SV Oberachern gouf de Lëtzebuerger Yvandro Borges an der 82. Minutt agewiesselt. Schalke huet sech beim Bremer SV mat 5:0 behaapt. BW Lohne huet an der 1. Hallschent gutt géint Augsburg matgehalen, an der Paus stoung et 0:0. Um Enn huet de Bundesligist sech awer mat 4:0 duerchgesat.

Mainz mam Leandro Barreiro, deen an der 76. Minutt agewiesselt gouf, huet sech souverän mat 3:0 zu Aue behaapt.

Back to Top
CIM LOGO