Super Bowl 55Buccaneers wannen Titel am eegene Stadion géint d'Chiefs

RTL Lëtzebuerg
Als éischt Ekipp an der Geschicht vun der NFL hunn d'Tampa Bay Buccaneers dierften am eegene Stadion spillen a konnten den Titel och gewannen.
© AFP

Et waren awer d’Chiefs, déi besser an de Match gestart sinn. Direkt mam éischte Ballbesëtzt fir d’Bucs gouf et en 3 and out. Mat hirem éischte Ballbesëtz konnten d’Chiefs awer näischt ufänken, ma mat hirem zweete krute si 3 Punkten op d’Tafel. Dono sinn awer d’Bucs erwächt an no engem gudde Laf iwwert den Terrain huet de Brady de Gronkowsky an der Endzone fonnt, fir den éischten Touchdown vun dësem Super Bowl. Et war iwwregens déi 13. Kéier, datt de Gronk eng Pass vum Brady an engem Super Bowl gefaangen huet, dëst ass en neie Rekord.

Bei den Chiefs war offensiv awer d’Loft eraus, datt och duerch vill Drock vun de Buccaneers. Esou koumen d’Bucs nees an eng gutt Positioun, fir Punkten ze maachen, ma d’Chiefs konnte si un der Een-Yard-Linn stoppen. D’Chiefs koumen awer dono net wäit an esou kruten d’Bucs no engem schlechte Punt de Ball an enger gudder Ausgangspositioun zeréck. Dëst huet zu engem weideren Touchdown gefouert, nees Brady op Gronkowsky, Stand 14:3 fir d’Bucs.

D’Chiefs konnten um Schluss vum leschte Véierel nach eng Kéier 3 Punkte markéieren, hunn de Buccaneers awer 1 Minutt an 1 Sekonn op der Auer gelooss. Mat Hëllef vun zwee Feeler vun der Verdeedegung vun den Chiefs, déi fir vill Yards gesuergt hunn, sinn d’Bucs 10 Sekonne viru Schluss un d’Een-Yard-Linn komm an dëst d’Kéier war et de Brown, deen de Touchdown markéiert huet. Esou ass et mat engem 21:6 fir d’Buccaneers an d’Paus gaangen, wou si wéi och d’Chiefs sech op déi zweet Hallschent preparéiert hunn, wärend d’Spectateuren eng Show vum “The Weeknd” gebuede kruten.

No der Show gouf et nees Sport um Terrain zu Tampa an d’Chiefs hu mat hirem éischten Drive direkt 3 Punkte gemaach. Ma d’Bucs hu mat 3 Punkte geäntwert, de Ball zeréckgewonnen an nach eng Kéier 7 Punkten duerch e Laf vum Fournette dropgeluecht. Um Schluss vum Quarter sinn dunn och d’Passe vum Mahomes besser komm an seng Ekipp huet sech no vir gekämpft, esou datt si de leschte Véierel an enger gudder Ausgangspositioun ugefaangen hunn, och wa se 9:31 hanne waren.

Aus der Positioun konnte si awer net vill maachen a fir d’Attack vun de Bucs gouf et dono eng Reegel: Zäit vun der Auer huelen. Dat ass hinne gelongen an d’Chiefs hunn dono selwer vill Zäit gebraucht, fir de Ball no Vir ze bréngen. Bis 2 Minutte viru Schluss waren an dësem Véierel keng weider Punkte gefall, et stoung also nach 31:9 fir d’Bucs, ma d’Chiefs waren an enger Positioun, wou si hätte kéinten de Score e bësse méi schéi gestalten. Ma d’Pass an d’Endzone vum Mahomes gouf vum White ofgefaangen, dat annerhallef Minutt viru Schluss. Esou wënnt Tampa Bay dëse Match, dat mat enger gudder offensiver an enger ganz staarker defensiver Leeschtung, déi keen Touchdown zougelooss hunn, géint Kansas City.

Fir d’Buccaneers ass dëst den zweete Super Bowl an hirer Geschicht, fir den Tom Brady ass et d’Nummer 7 an deen Éischten, deen hien net mat den New England Patriots gewonnen huet.

Och hei am Land hu vill Leit d’Nuecht virun der Tëlee verbruecht. Ee vun deenen ass de Paul Zahlen. Hien ass awer net nëmmen een American-Football-Fan. De Lëtzebuerger ass nämlech Headcoach an der däitscher Bundesliga bei de Saarland Hurricans.

Super Bowl / Reportage Rich Simon

Fir de Paul Zahlen waren d’Bucceneers besser op de Match agestallt wéi d’Chiefs. Dobäi koum, dass Kansas City offensiv ganz schwaach war, dat hat awer och säi Grond.

Si hu vill Stammspiller aus der Offense Line wärend der Saison verluer, schonns deelweis virun der Saison. Wou elo de Personal-Plaffong ganz dënn ginn ass, si fir si richteg Problemer komm. Tampa Bay huet dat äiskal ausgenotzt.

Duerch de personellem Manktem hat de Quarterback vun den Chiefs, de Patrick Mahomes, et immens schwéier, sech an Zeen ze setzen. D’Kansas City Chiefs haten net hire beschten Dag erwëscht. Et däerf een awer d’Leeschtung vun Tampa Bay dobäi net vergiessen.

Et muss een dobäi soen, dass Tampa Bay defensiv extrem staark war. Villäicht kann een d’Arbitteren och nach bëssen an d’Boot huelen, déi och ganz suspekt Decisiounen deelweis geholl hunn. Et war ee gudde Super Bowl. Wäit ewech vun engem ganz gudde Super Bowl, mee et war ee gudde Super Bowl.

Gëschter huet awer och nees den Tom Brady Sportgeschicht geschriwwen.

7. Titel fir de Brady, dat ass onerreecht. Ech mengen, deen Titel wäert och nach ganz laang net gebrach ginn. Dat ass eng Leeschtung, déi ass phenomenal. Mol kucken, wien den nächsten ass.

Virun allem, wann ee weess, dass an der Moyenne eng Karriär vun engem American-Football-Spiller an der Reegel 3 Joer a 4 Méint dauert. Den Tom Brady huet mat 43 Joer seng 21. Saison gespillt an dat obschonns hie schonns ronn 150 Blessuren hat.

Back to Top
CIM LOGO