
Liverpool - Burnley 0:1
0:1 Barnes (83',p)
Um Pabeier war dëst e klore Match. De Véierten aus der Tabell Liverpool hat de Véiertleschten aus der Tabell Burnley op Besuch. A wat een um Pabeier konnt noliesen, huet een och um Terrain konnte gesinn. Liverpool war dominant, hat mat 70 zu 30 Prozent däitlech méi Ballbesëtz a mat 24 zu 5 Schëss däitlech méi Ofschlëss. Ma de Reds huet einfach d’Prezisioun gefeelt. Vun hire 23 Schëss sinn der just 6 op de Gol komm, bei Burnley waren et der ëmmerhi 4 vu 5. An déi 6 Kéieren, wou Liverpool de Gol getraff huet, konnte si de Golkipp vu Burnley net iwwerwannen. An der 83. Minutt huet dunn de Golkipp vu Liverpool sech e Feeler erlaabt an den Arbitter huet op de Punkt gewisen. Dat huet sech de Barnes net huele gelooss an hien huet seng Ekipp domadder a Féierung bruecht. Liverpool huet dono den Drock nach eng Kéier erhéicht, ma et sollt awer näischt méi dobäi eraussprangen. Esou stinn d’Reds weider op der 4. Plaz mat sechs Punkte Retard op Manchester United a Burnley verschaaft sech mat dësen 3 wuel onerwaarte Punkten e bësse Loft am Ofstigskampf. Fir Liverpool ass et déi éischten Néierlag doheem zanter 68 Spilldeeg.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Valencia - CA Osasuna 1:1
0:1 Calleri (42'), 1:1 Garcia (69',sg)
En 1:1 gouf et tëscht Valencia an Osasuna. Laang hat et gutt fir d’Gäscht ausgesinn, déi no 42 Minutten a Féierung gaange sinn. Ma e Selbstgol vum Garcia an der 69. Minutt huet Valencia e Punkt gerett. Valencia steet domadder mat 20 Punkten no 19 Spilldeeg op der 14. Plaz. Véier Punkte manner huet Osasuna, déi domadder Zweetleschte sinn.
SD Eibar - Atlético Madrid 1:2
1:0 Dmitrovic (12',p), 1:1 Suarez (40'), 1:2 Suarez (88',p)
Wann den Tabelleleader bei den 15. fiert schéngt et eng kloer Saach ze sinn. Ma Eibar huet Atlético d’Liewe schwéier gemaach. Si haten zwar wéineg Ballbesëtz, mä hunn aus deem, wat se haten, dat bescht probéiert erauszehuelen an haten domadder méi Ofschlëss, wéi d’Gäscht. Eenzege Gol ass awer no engem Foul am 16 Meter vum Punkt gefall. Atlético huet dorops Drock gemaach an d’Heemekipp zu Feeler gezwongen. De Luis Suarez huet an der 40. Minutt esou ee Feeler ausgenotzt a konnt aus kuerzer Distanz fräi zum Schoss kommen. E weider Feeler huet de Suarez dunn um Schluss vum Match genotzt, nodeem ee vu sengem Matspiller am Strofraum gefoult gouf. Hei huet hie sech et vum Punkt net huele gelooss, fir säin zweete Gol an dësem Match ze schéissen a senger Ekipp esou 3 Punkten ze sécheren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Lazio Roum - Parma Calcio 2:1
1:0 Parolo (23'), 1:1 Mihaila (83'), 2:1 Colombi (90',sg)
Lazio war fréi géint Parma a Féierung gaangen, nodeem de Parolo eng gutt Flank mam Kapp verwäerte konnt, ma Parma huet sech de ganze Match net geschloe ginn. D’Gäscht hat liicht méi Ballbesëtz, awer net wierklech vill Golchancne. Eng vun hire wéinege konnte si awer dunn an der 83. Minutt notzen, wéi de Mihaila sech eleng géint d’Defense an de Golkipp duerchsetze konnt. Ma Parma hat zum Schluss Pech. E Kappball vum Muriqui an der 90. Minutt ass op de Potto gaangen, ma well de Colombi am Gol awer ënnerwee dohinner war, ass de Ball vum Potto wittert de Golkipp komm an dunn eragaangen. Esou wënnt Roum glécklech awer net onverdéngt an der leschter Minutt géint Parma.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga