
An der éischter Course vum Weekend hat de Lëtzebuerger eng exzellent Ausgangspositioun. Hien ass vun der 3. Startplaz an d’Course gaangen an hat gutt Chancen, no sengem Podium zu Zandvoort eng zweet Top 3 Plaz am Carrera Cup Däitschland ze feieren.
Kuerz nom Start hunn d’Stewards awer festgestallt, dass den Auto vum Chester Kieffer u sech gerullt ass, ier d’Course offiziell lancéiert war. Als Konsequenz gouf géint de Pilot vu Schumacher CLRT eng sougenannt Penalty Lap ausgeschwat.
Wéi de Lëtzebuerger duerch déi Zone gefuer ass huet hien sech warscheinlech e Pneu beschiedegt. Kuerz drop huet hien un Tempo verluer a misst fir e Wiessel un d’Box kommen. Bei enger Course vun 30 Minutten ass keen obligatoresch Boxestopp virgesi. Domat war all Hoffnung op e gutt Resultat séier zerstéiert.
Déi éischt Manche um Lausitzring gouf schliisslech vum Südafrikaner Keagan Masters gewonnen. Mat dësem Succès schreift hie Geschicht, well nach ni virdrun e südafrikanesche Pilot eng Course am Porsche Carrera Cup Däitschland gewonnen hat. Hannert dem Maseters klasséierten sech déi zwee Porsche-Junioren Marcus Amand aus Finnland an den Hollänner Flynt Schuring op de Podiumsplazen.
An der zweeter Course vum Weekend ass de Chester Kieffer vun der 5. Startplaz an d’Course gaangen. Des Kéier hat de Lëtzebuerger zwar kee Feelstart, mee an der éischter Kéier huet hien de Bremspunkt verpasst an ass dem Marcus Amand hannendrop gefuer. Fir béid Pilote war d’Course domat virzäiteg eriwwer.
Un der Spëtzt konnt de Keagan Masters seng staark Form confirméieren. De Südafrikaner huet och déi zweet Manche um Lausitzring gewonnen an domat säin zweete Succès vum Weekend gefeiert. Hien ass virum Däitschen Theo Oeverhaus an dem Brasilianer Matheus Ferreira iwwer d’Arrivée gefuer.
Fir de Chester Kieffer war et dogéint e Weekend fir ze vergiessen. De Pilot vu Schumacher CLRT fällt durch dës Resultater am Rookie-Klassement op déi zweete Platz zeréck an huet elo e Réckstand vun 18 Punkten op de Leader Sam Jongejan.
Déi nächst Course vum Porsche Carrera Cup Däitschland steet de Weekend vum 5. Juli um Norisring um Programm. Virdrun ass den Chester Kieffer awer nees am Porsche Supercup am Asaz, wou déi 3. Course vun der Saison zu Spielberg an Éisträich, am Kader vun der Formel 1, gefuer gëtt.