VëlossportSchlussvictoire a Slowenien fir de Florian Lipowitz. Mats Wenzel op gudder 13. Plaz.

Christophe Jost
Am Tour duerch d'Belsch klasséiert den Alex Kirsch sech am General op der 53. Plaz. Gewonnen huet den Tour de Jasper Philippsen iwwerdeems den Tadej Pogacar de Tour de Suisse gewënnt.
Florian Lipowitz hei bei der Tour de Romandie
Florian Lipowitz hei bei der Tour de Romandie
© AFP

Tour duerch Slowenien

Déi 5. a lescht Etapp iwwer 169.4 Kilometer gëtt gewonnen vum Florian Lipowitz. Op der leschter Biergwäertung vum Dag konnt de Lipowitz sech ofsetzen an hat am Zil 24 Sekonnen Virsprong op seng Verfollger. No senger Victoire e Samschdeg op der Kinneksetapp war och um Sonndeg kee Kraut gewuess géint den Däitsche Coureur vum Team Red Bull - Bora hansgrohe. Domat gewënnt den Däitschen net nëmmen déi 2 lescht Etappen, mee nieft dem Generalklassement och de Maillot vum beschte Grimpeur.

De Mats Wenzel huet op en Neits eng gutt Leeschtung gewisen a fiert op der leschter Etapp mat 24 Sekonne Retard op déi 12. Plaz. Am Schlussklassement fënnt sech de Coureur vu Equipo Kern Pharma um Enn op der 13. Plaz erëm, mat engem Retard vu 5 Minutten op de Florian Lipowitz. 

Tour duerch d'Schwäiz

Déi leschten Etapp ass iwwer schwéier 150.7 Kilometer ronderëm Villa-sur-Ollon gefuer ginn. Wéi ze erwaarde war bei dësem schwéiere Parcous de Tadej Pogacar dee stäerksten, deen domat net nëmmen déi leschten Etapp fir sech entscheet huet, mee och de d'Schlussklassement vum Tour de Suisse gewënnt. Am General leit de Slowen no 5 Etappen iwwer 6 Minutte virum Richard Carapaz.

Den Arthur Kluckers huet op der leschter Etapp missen opginn an ass d'Course net op en Enn gefuer.

Tour duerch d'Belsch

De 95. Tour duerch d'Belsch gëtt no 5. Etappen iwwerraschend vum Jasper Philipsen gewonnen. Fir de Belsch ass et seng 1. Schlussvictoire bei enger grousser Etappecourse.

Op der leschter Etapp konnt sech de Jasper Philipsen am Sprint virum Jenno Berckmoes an dem Max Kanter duerchsetzen an duerch Bonifikatiounen sech och d'Schlussvictoire sécheren. Am General leit hien um Enn 5 Sekonne virum Jenno Berckmoes an 9 Sekonne virum Spuenier Alex Aranburu.

Den Alex Kirsch klasséiert sech op der Etapp als 53. mat engem Retard vun 2 Minutten an 23 Sekonnen. Am Generalklassement schléisst hien den Tour duerch d'Belsch op der 53. Plaz of, mat engem Réckstand vun 12 Minutten a 56 Sekonnen op de Jasper Philippsen.

Back to Top
CIM LOGO