
Déi iranesch Futtball-Nationalekipp dierf, wéi et ausgesäit, drop hoffen, datt d'Reesrestriktiounen virun hirem drëtte Match op der Futtball-Weltmeeschterschaft gelackert ginn. Den Trainer sot e Sonndeg, virum Match géint d'Belsch um Owend, datt d'Ekipp wuel éischter wéi geplangt op Seattle wäert kënne reesen. Hien hätt sech just gewënscht, datt dat bei deenen anere Matcher och sou gewiescht wier, sou den Amir Ghalenoei.
Den Iran hat virdrun annoncéiert, et géif ee sech offiziell bei der Fifa driwwer ze beschwéieren, datt d'Ekipp verbuede krut, zwee Deeg virum Match an d'USA anzereesen, sou wéi dat üblech ass, Déi iranesch Delegatioun ass wéinst dem Krich am Noen Osten zu Tijuana a Mexiko logéiert an huet d'USA nom éischte Match géint Neiséiland nach dee selwechten Dag misse verloossen.