
7 Joer jonk war d'Vera Bertemes-Hoffmann, wei si mat der Liichtathletik ugefaangen huet. An direkt goung et bei de Celtic Dikrech. "Liichtathletik huet de Virdeel, dass et immens vill Disziplinne sinn. Wann ee mat dësem Sport grouss gëtt, huet een eng grouss gefächert Entwécklung. Lafen, Sprangen, Werfen. Fir all Kand ass dat gutt, déi Kompetitioune matzehuelen. Sou hunn ech och ugefaange mat allem. Séier war kloer, datt mir déi technesch Disziplinnen net esou gutt leien. Mat 12 Joer hunn ech dunn decidéiert, datt d'Mëttelstreckeleef eppes fir mech sinn". Dëst erzielt mir déi 29 Joer jonk Athletin wärend eisem Gespréich zu Ierpeldeng un der Sauer. An der Ieselsstad ass d'Vera mat hiren dräi Gesëschter opgewuess.
Fir eng kuerz Zäit huet d'Vera och Volleyball gespillt. Séier war der jonker Fra awer kloer, datt hiert Häerz awer fir d'Lafe schloe géif. "Et mécht mir sécher net all Dag Spaass fir ze lafen. Virun allem elo mat de waarmen Temperature muss een dat adaptéieren. Fir elo ëmmer en Trainingsplang anzehalen, mécht och net ëmmer Spaass. Ënnert dem Stréch bréngt mir d'Lafen immens vill Freed. Et ass schonn eppes fir erauszekommen, de Kapp nom Schaffe fräi ze kréien".
Op den 800 an 1.500 Meter ass d'Vera Bertemes-Hoffmann ënnerwee. D'Decisioun, dës Disziplinnen eraus ze sichen, koum nom Wiessel vun der Primärschoul an de Secondaire. Am Dikrecher Kolléisch huet d'Sportlerin hire Premièresdiplom kritt. "An Tëschenzäit ass de Sport ëmmer méi ginn. De Virdeel war et, datt ech zu Dikrech an d'Schoul gaange sinn an och do konnt op den Training goen. D'Leieren ass mir och net esou schwéier gefall. Ech konnt déi zwou Saachen also relativ gutt gläichzäiteg maachen". No der Première goung et dunn op Köln, Sport studéieren. Schoul hale war awer ni eng Optioun fir déi ganz sympathesch Athletin.
Zanter dësem Februar huet d'Vera eng Volltâche a schafft als Sportcoordinatrice an der Nordstad Gemeng. "Sport a Beweegung promouvéieren. Dëst ass meng Aufgab. Fir ze kucken: wat gëtt et als Offer, wei kënne mir d'Offer optiméieren a wat fir eng Sportinfrastrukture gëtt et? All Alter, all Populatiounsschicht an der Gemeng gëtt ugeschwat. Et ass immens villfälteg". Esou d'Vera Bertemes-Hoffmann am RTL-Interview.
Am August 2024 huet d'Vera Bertemes-Hoffmann bei den Olympesche Summerspiller an der franséischer Haaptstad deelgeholl. An hirer Course iwwer 1.500 Meter koum d'Sportlerin op déi 12. Plaz an enger Zäit vu 4 Minutte 7 Sekonne 64 Honnertstel. Déi direkt Qualifikatioun fir d'Halleffinall hat si verpasst. "Paräis war wierklech besonnesch. Virun allem wann ee mat Tokio déi Editioun virdru vergläicht. Bei de Covid Spiller war eng ganz aner Ambiance. Dat heite war esou esou flott. Meng Famill, meng Frënn waren do. Déi ganz Ambiance esou kënne matzehuelen, dat Erliefnis. Dat war wierklech en Highlight". Bei dëser Ausso straalt d'Vera iwwer d'ganz Gesiicht vu Begeeschterung.
Gäre wär d'Celtic-Athletin bei Olympesche Summerspiller dobäi. Déi nächst si vum 14. – 30. Juli 2028 zu Los Angeles. "Ech muss soen, ech versti firwat d'Olympesch Spiller esou beléift sinn a wisou dat vu ganz villen Athleten en Dram, en Zil ass".
2015 an Island war d'Vera Bertemes-Hoffmann eng éischte Kéier bei de Spiller vun de klenge Länner dobäi. Zejoert an Andorra war d'Liichtathletin och um Start. Déi Spiller gefalen hir och super gutt. "Honnertprozenteg. Et sinn u sech déi kleng Olympesch Spiller, dat mir als Lëtzebuerger kënne mathuelen. Et ass e Multi-Sport-Event, wou een dee richtegen Team-Lëtzebuerg-Geescht materlieft. Dacks si mir als Liichtathleten net zu sou vill ënnerwee. Als Team Lëtzebuerg insgesamt dann opzetrieden, fir sech géigesäiteg z'ënnerstëtzen, deen Teamgeescht wärend där Woch huet mech schonn als jonk Athletin motivéiert an och elo als e bëssi méi erfuere Sportlerin sinn ech awer ëmmer erëm frou, fir dat kënne matzeerliewen. Déi Atmosphär kënnen opzesaugen". Am Mee d'nächst Joer sinn d'Spiller zu Monaco. E grousse Moment ass a 4 Joer. Da sinn d'Spiller vun de klenge Länner nees zu Lëtzebuerg. 2013 ware si eng leschte Kéier am Grand-Duché. "Ganz gäre wär ech 2029 hei am Land dobäi. Dat wär natierlech en Highlight. Dat sinn awer nach e puer Jore méi. Ech war virun e puer Wochen zu Monaco scho fir eng Kompetitioun. De Stadion huet mech impressionéiert. Et wär flott, datt nach eemol kënne matzeerliewen".
Den 2. November 1996 ass d'Vera gebuer. D'Elittesportlerin kritt also dëst Joer hir 30. Un d'Ophalen denkt déi ganz frëndlech Sportlerin awer nach net. "Et hänkt dovunner of, wéi de Kierper nach matmécht. 30 Joer ass en Alter, awer keng Begrenzung. Ech hunn och Frae bei mir op der Startlinn stoen, déi schonn e puer Joer méi hunn an awer méi séier lafen. Ech weess awer och, datt ech schonn eng gewësse Joren Training a mir hunn. Virun allem muss awer och de Kapp matmaachen. Ech setze mir do keng Limitt. Sou laang mäi Kapp matmëscht an de Kierper dat alles erdroe kann, wëll ech dat nach weidermaachen. Ech weess, datt de Sport mir esou vill gëtt".
Zanter 13 Joer sinn d'Vera an de Bob Bertemes eng Koppel. Virun e puer Joer hu si sech bestuet. De Bob ass net nëmmen de Mann vum Vera, hien ass och hiren Trainer. "De Sport huet bei eis schonn ëmmer vill Zäit ageholl. Et harmonéiert awer richteg gutt", esou d'COSL-Sportlerin. "Et ass natierlech elo ëmsou méi flott, datt de Bob och elo responsabel ass fir déi Leeschtungen, déi ech brénge kann. Datt mir d'Olympesch Summerspiller konnten zesummen erliewen. Als Trainer/Athletin awer och als Fra/Mann. Et ass richteg flott."
"Beim Training ass et dacks esou, datt de Bob och mat trainéiert. Hie schreift den Trainingsprogramm am viraus. Et sinn éischter ech, deen heiansdo seet, ech wëll elo näischt méi dovunner héieren. Lo grad well ech einfach ofschalten. Zanter ech awer mam Bob trainéieren, ass alles einfach esou gutt gelaf, datt mir quasi nach ni vill missten diskutéieren".
D'Vera Bertemes-Hoffmann wéilt sech gäre fir d'Europameeschterschaft am Summer zu Birmingham qualifizéieren. Dat ass Mëtt August. D'Weltmeeschterschaft op der Strooss Enn September ass e weidert Zil vun der Héichleeschtungssportlerin.