
Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet e Méindeg den Owend am Verwaltungsrot eng wichteg Decisioun fir de Rescht vun der Saison geholl. Wann déi aktuell Covid-Mesuren de 14. Mäerz verlängert géife ginn, dat heescht, datt just an der ieweschter Divisioun däerf gespillt ginn, da rullt an der Éierepromotioun an an den ënneschten Divisiounen dës Saison de Ball net méi. Da gëtt et eng sougenannte „saison blanche“, ouni Op- an ouni Ofsteiger.
E Méindeg den Owend stoung dee Punkt um Ordre du jour vum Verwaltungsrot vun der FLF an no Récksprooch mat de Veräiner, ronn 60 Prozent waren an deem Fall fir de Stopp vun der Saison, war d’Decisioun kloer, esou de President vun der Futtballfederatioun, de Paul Philipp.
“Wann déi aktuell Mesuren nom 14. Mäerz bleiwen, dann ass d’Saison 20-21 eriwwer.”
D’Fro stellt sech natierlech, ob beim Futtball, änlech wéi am Handball, déi Veräiner aus der Éierepromotioun, déi aktuell uewen an der Tabell stinn, e sougenannte Play-Down géint déi ënnescht Ekippen am Klassement aus der BGL Ligue géife spillen.
“Nee, eng Saison blanche ass eng Saison blanche an da gëtt et keen Op- an och keen Ofsteiger.”, betount de Paul Philipp.
Wann et nom 14. Mäerz awer och fir déi aner Divisiounen nees erlaabt wär, Kompetitiounen ze hunn, da leeft et do op e reduzéierte Programm eraus, seet de Paul Philipp.
“Dat heescht, datt minimum 15 Matcher géife gespillt ginn. D’Saison an den ënneschten Divisioune kann nach bis Enn Juni fäerdeg gespillt ginn.”
Onofhängeg dovu sot eis den FLF-President, datt ee beim Sportminister géif sensibiliséieren, fir nom 14. och nees kënne virun enger gewësser Unzuel vu Spectateure Futtball ze spillen, natierlech mam Anhale vun de bekannten Hygiènesmesuren, Mask an 2 Meter Distanz.
AUX CLUBS DE LA PROMOTION D’HONNEUR ET DES DIVISIONS 1,2 ET 3Madame la Présidente,
Monsieur le Président,
Mesdames, Messieurs,
Au cours de la semaine passée, le Conseil d’Administration de la FLF a organisé un sondage auprès des clubs de la Promotion d’Honneur et des Divisions 1, 2 et 3 afin de prendre leur avis en ce qui concerne une reprise du championnat de la saison 2020/2021.
Tandis que 40,46 % des clubs veulent continuer la saison en attendant des mesures gouvernementales plus clémentes pour le football, 59,54 % des clubs souhaitent un arrêt définitif de la saison 2020/2021.
Dans sa séance d’hier soir, le Conseil d’Administration a analysé la situation et a pris la décision suivante :
Deux cas de figure sont possibles :
1er cas de figure
2ème cas de figure