Liichtathletik-WM: 4 Lëtzebuerger dobäiCharel Grethen no schwiereger Saison prett fir d'WM

RTL Lëtzebuerg
Vum 19. bis de 27. August ass d'Liichtathletik-Weltmeeschterschaft zu Budapest an Ungarn.
© AFP

Mam Bob Bertemes, dem Patrizia Van der Weken, dem Vera Hoffmann an dem Charel Grethen si 4 Lëtzebuerger mat dobäi. Virun allem de Charel Grethen hat net deen einfachsten Ufank vun der Saison.

Sprint / Reportage Sam Rickal

Wéinst enger Blessur huet de Charel Grethen säin Trainingsprogramm missen adaptéieren. Mëttlerweil stëmmt seng Form awer an dat genau zum richtege Moment, fir den Héichpunkt vun der Saison.

“Ufank der Saison hat ech eng kleng Blessur, dowéinst hunn ech déi spezifesch Traininger no hanne misse verleeën. An de leschte Wochen ass den Training ganz gutt verlaf, d’Form stëmmt, dofir sinn ech gespaant fir op d’WM ze reesen a mäi Bescht ze ginn.”

Opgrond vun deene leschte positive Woche fiert de COSL-Elite-Sportler mat groussen Ambitiounen op Budapest, fir de Maximum erauszehuelen.

“Den Niveau op de 1500 Meter bei de Männer ass an deene leschte Joren explodéiert. Doduerch ass et immens schwéier, sech an engem Feld vir ze placéieren. Dofir ass mäin éischt Zil an d’Halleffinall ze kommen, wat net einfach wäert ginn, an da kucken ech weider.”

De Charel Grethen ass och wéinst der Blessur bewosst net immens vill a séier Coursse gelaf. Trotzdeem fillt sech de Leefer vum Stater CSL prett fir d’WM, dat och duerch eng gutt Preparatioun.

“Ufank der Saison, wann een nach wäit fort ass vun der Competitioun, dat besteet den Training haaptsächlech aus Grondausdauer. Wat een da méi no doru kënnt, da gëtt den Training méi spezifesch a méi séier, fir un den Tempo vun de 1500 Meter erunzekommen. Momentan hu mir vill un der Vitess geschafft, virun allem wann et eng taktesch Course gëtt, wou een dann déi lescht Ronn séier lafe muss.”

Kuerz virun der WM geet den Trainingsvolume no ënnen, fir beschtméiglech ze recuperéieren a gutt Been fir d’Competitioun ze hunn. Déi brauch de Charel Grethen och, well sech d’Qualifikatiounsreegele fir eng Ronn weiderzekomme geännert hunn.

“Dëst Joer op der WM kann ee sech net méi iwwert d’Zäit qualifizéieren, fir een Tour weiderzekommen, mee just nach iwwer Placéierungen. Et muss een also ëmmer ënnert den Top 6 sinn. Dofir muss ech mech am Virlaf op alles gefaasst maachen. Et kann also eng relativ séier Course ginn, awer och eng taktesch Course. Do ass et dann ebe wichteg, sech gutt ze placéieren an zu all Moment kënnen ze reagéieren.”

Nieft dem Charel Grethen dierf een och op d’Leeschtung vun den anere Lëtzebuerger gespaant sinn. D’Patrizia Van der Weken hat sech op der World University Games d’Goldmedail iwwer 100 Meter geséchert. Mat hirem Lëtzebuerger Rekord vun 11,02 Sekonnen aus dëser Saison gehéiert si zu de séierste Leeferinnen an Europa. D’Vera Hoffmann hat sech op der Universiade Sëlwer iwwer 1500 Meter geséchert.

Lass geet et da fir de Charel Grethen e Samschdeg um 19 Auer mat der Qualifikatioun iwwer 1500 Meter. Donieft hunn och d’Vera Hoffmann iwwert 1500 Meter an de Bob Bertemes am Bommstoussen hir Qualifikatioun e Samschdeg. D’Patricia van der Weken ass da réischt e Sonndeg am Asaz.

© FLA

De Programm vun de véier Lëtzebuerger

Bob Bertemes: Bommstoussen
Qualifikatioun: Samschdeg, den 19. August um 11.30 Auer
Finall: Samschdeg, den 19. August um 20.35 Auer

Vera Hoffmann: 1500 Meter
Serien: Samschdeg, den 19. August um 14.15 Auer
Halleffinallen: Sonndeg, den 20. August um 17.05 Auer
Finall: Dënschdeg, den 22. August um 21.30 Auer

Charel Grethen: 1500 Meter
Serien: Samschdeg, den 19. August um 19 Auer
Halleffinallen: Sonndeg, den 20. August um 17.35 Auer
Finall: Mëttwoch, den 23. August um 21.15 Auer

Patrizia Van der Weken: 100 Meter
Serien: Sonndeg, den 20. August um 12.10 Auer
Halleffinall: Méindeg, den 21. August um 20.35 Auer
Finall: Méindeg, den 21. August um 21.50 Auer

Back to Top
CIM LOGO