Champions LeagueChelsea London a Bayern München stinn an der Véierelsfinall

RTL Lëtzebuerg
No Victoiren am Allersmatch, kënnen Chelsea London a Bayern München och hir Réckmatcher gewannen a stinn an der Véierelsfinall.
© AFP

E Mëttwoch den Owend hu sech mat Chelsea a Bayern déi zwou lescht Ekippe fir d’Véierelsfinalle vun der Futtball-Champions-League qualifizéiert. Virdrun hate scho Borussia Dortmund, Liverpool, Manchester City Paris Saint-Germain, Porto a Real Madrid den Ticker geléist.

D’Auslousung vun de Véierelsfinallen ass e Freideg an der Mëttegstonn zu Nyon an der Schwäiz. D’Allersmatcher ginn de 6. a 7. Abrëll gespillt an d’Retourmatcher sinn den 13. a 14. Abrëll.

Chelsea London - Atletico Madrid 2:0

1:0 Ziyech (34.’), 2:0 Emerson (90.+4.’). Rout Kaart: Savic (81.’, Atletico Madrid)

Mat engem knappen 1:0 konnt sech Chelsea am Allersmatch duerchsetzen a sinn domadder mat engem klengen Avantage an de Réckmatch doheem zu London gaangen.

Béid Ekippe ware gutt an de Match gestart a ware gewëllt offensiv op sech opmierksam ze maachen, woubäi Chelsea awer d’Roll vun der Ekipp ageholl huet déi de Match mat méi Ballbesëtz kontrolléiert huet, an Atletico dogéint hat sech als méi defensiv Ekipp asortéiert déi op schnell Géigestéiss gewaart huet. Golchancen waren awer rar mee an der 27. Minutt gouf et eng kritesch Situatioun am Strofraum vun Chelsea. No enger ze kuerzer Réckpass vum Azpilicueta op de Mendy huet dësen de Carrasco am Strofraum liicht um Trikot gezunn an ass gefall, mee den Arbitter huet net op Eelefmeter entscheet.

An der 34. Minutt hat Chelsea seng éischt richteg Golchance am Match a konnt direkt den 1:0 schéissen an dat mat engem perfekt gespillte Konter. Den Havertz huet de Ball dem Werner op lénks an de Laf gespillt, an der Mëtt stoung de Ziyech eleng an huet de Ball ënnert dem Oblak erduerch an de Gol geschoss.

Den 1:0 duerch den Hakim Ziyech
Mat engem perfekt gespillte Konter konnt Chelsea an der 34. Minutt mat 1:0 a Féierung goen.

D’Heemekipp hat elo nach méi Confiance a koum ëmmer nees geféierlech bis an de Strofraum vun Atletico sou dat et mat engem verdéngten 1:0 an d’Paus gaangen ass.

Bescht Zeenen aus der 1. Hallschent
No engem Gol vum Ziyech ass Chelsea mat engem verdéngten 1:0 an d’Paus gaangen.

D’Englänner hate sech gutt an déi zweet 45 Minutten erafonnt an haten an der 48. Minutt eng gutt Chance duerch de Werner no engem Konter, mee de Wénkel war bëssen ze spatz. Et hat an de Minutten dono och méi no engem 2:0 wéi no engem 1:1 ausgesinn. An der 57. Minutt huet sech de Ziyech de Ball op 18 Meter op de lénkse Fouss geluecht mee den Oblak konnt säi Schoss paréieren. Vu Madrid koum net immens vill an et konnt een sech d’Fro stellen wéi se dëse Match nach wéilten dréinen. Chelsea konnt de Match zimmlech souverän geréieren.

An der 80. Minutt gouf et dann awer mol eng gutt Chance fir Atletico wéi de Joao Felix aus 17 Meter ofgezunn huet mee den ofgefälschtene Ball ass laanscht de rietse Potto gaangen. Beim fällege Corner huet de Savic dem Rüdiger mam Ielebou an de Bauch geschloen an den Orsato huet direkt déi rout Kaart gewisen. Mat engem weidere Konter an der 94. Minutt huet Chelsea alles kloer gemaach an et war de kuerz virdrun agewiesselten Emerson deen de Ball vu lénks an de laangen Eck schéisse konnt.

Den 2:0 duerch den Emerson
Mat engem Konter an der 94. Minutt konnt Chelsea de Match definitiv entscheeden.
Bescht Zeenen vun der 2. Hallschent
Och an den zweete 45 Minutten war Chelsea déi kloer besser Ekipp a steet verdéngt an der Véierelsfinall.

Bayern München - Lazio Roum 2:1

1:0 Lewandowski (33.’, Eelefmeter), 2:0 Choupo-Moting (73.’), 2:1 Parolo (82.’)

Nodeems Bayern München den Allermatch mat 4:1 gewanne konnt, hätt Lazio Roum missen e Wonner geléngen fir nach eng Ronn weider ze kommen.

Opgrond vun dësem däitleche Virsprong ass München net mat der leschter Konsequenz an de Match gaangen mee konnten de Lazio awer a Schach halen. An der 33. Minutt huet de Muriqi de Goretzka ëmklamert an et gouf Eelefmeter. Dësen huet de Lewandowski wéi gewinnt souverän erageschoss. D’Heemekipp war och déi méi dominant Ekipp an hat méi Chancen sou dat se mat engem verdéngten 1:0 an d’Paus gaange sinn.

Och no der Paus war Roum einfach ze schwaach fir de Bayern wierklech geféierlech ze ginn. Entscheet war dëse Match natierlech scho méi laang mee och no engem Eieregol hat et net ausgesinn. 2 Minutten no senger Awiesslung ass dem Choupo-Moting den 2:0 gelongen no Virlag vum Alaba. Aus dem näischt ass Roum den 1:2 an der 82. Minutt gelongen. No engem Fräistouss huet de Parolo de Ball an de Gol gekäppt.

Bayern München - Lazio Roum 2:1
No der däitlecher Victoire am Allersmatch, hat Bayern München och am Réckmatch keng Problemer mat Lazio Roum.

Back to Top
CIM LOGO