VolleyballChris Zuidberg kënnt zeréck an d'Heemecht
De Lëtzebuerger Volleyballnationalspiller, deen déi lescht 9 Joer bei diverse Veräiner am Ausland gespillt huet, kënnt zeréck op Lëtzebuerg.
Verëffentlecht: 12.06.23 14:46, Update: 04.12.25 11:12
Hei wäert den 28 Joer ale Sportler nees fir säin Heemechtsveräin VC Luerenzweiler spillen. De Chris Zuidberg wëll sech elo op säi Liewen no der sportlecher Karriär preparéieren.