
Colts - Titans
"Win and be in" war de Motto vun dësem Match. Am direkten Duell tëscht de Colts an den Titans ass et ëm eng Plaz an de Playoffs gaangen. D'Titans sinn net gutt an de Match komm, si hunn direkt 2 Mol misste Punten. Dogéint sinn d'Colts richteg gutt gestart, datt mat 2 Touchdown an den 2 éischte Versich. D'Titans konnten dono awer noleeën an esou stoung et 17:10 fir d'Colts an der Paus. Am Ufank vum drëtte Quarter dunn hunn d'Colts hire Virsprong nees ausgebaut, ma d'Titans konnten nees bäikommen. Am leschte Véierel dunn ass den Titans näischt méi gelongen, d'Colts hunn awer 9 Punkte fäerdeg bruecht. Esou ass de Match um Schluss mat 33:17 fir d'Colts ausgaangen an d'Titans hunn doheem d'Chance verpasst, fir sech fir d'Playoffs ze qualifizéieren.
Browns - Ravens
Fir d'Ravens war et kloer, wa si gewannen, si si an de Playoffs, egal, wéi et tëscht Colts an Titans esou wéi am Match vun de Steelers ausgeet. Si haten e gudde Start an de Match a konnte vun enger Interception vum Mayfield profitéieren. Esou ähnlech ass et dann och weider gaangen, esou datt et 20:7 fir d'Ravens an der Paus stoung. Ma déi zweet Hallschent huet de Browns gehéiert an si konnte de Match nach eng Kéier spannend maachen. Et war dunn nees eng Interception vum Mayfield an der leschter Minutt, déi verhënnert huet, datt d'Browns nach de Match an de leschte Sekonne gewanne konnten. D'Ravens wannen zum Schluss knapp mat 26:34 doheem géint d'Browns. Duerch dëst Resultat war d'Victoire vun de Steelers géint d'Bengals (16:13) net méi relevant.
Bears - Vikings
Fir béid Ekippe war et e "must win". D'Bears konnte mat enger Victoire nach an der Wildcard-Round fräi hunn an d'Vikings wiere mat enger Victoire sécher an de Playoffs gewiergt. Ma d'Bears-Defense huet gutt gespillt a wéineg zougelooss. 3 Punkte konnten d'Vikings an den éischten 30 Minutte markéieren, 13 dogéint hunn d'Bears hikritt. Nom Säitewiessel hunn d'Vikings op 10:13 verkierzt. Ma am leschte Quarter hunn d'Bears nees dominéiert an 11 Punkten op d'Tafel bruecht. Zum Schluss wannen d'Bears mat 24:10. Dës Victoire huet hinnen awer näischt bruecht, well d'Rams géint Saint Francisco gewonnen hunn. D'Vikings dogéint hu missten hoffen, datt d'Eagles net géint d'Redskins gewannen.
Eagles - Redskins
D'Eagles hu misste wannen, esouvill war kloer. An den Nach-Super-Bowl-Champion huet alles gemaach, fir dëst hinzekréien. 3 Punkten an den éischte 15 Minutten, 7 Punkten am zweeten, 7 Punkten am drëtten a 7 Punkten am véierte Quarter markéiert. De Redskins dogéint ass Offensiv guer näischt gelongen, esou datt si 24:0 doheem géint d'Eagles verléieren.
Kucke mer op d'Playoffs. An der AFC hunn d'Chiefs an d'Patriots an der Wild Card Round fräi. D'Texans spillen doheem géint d'Colts an d'Chargers musse bei d'Ravens reesen. An der NFC hunn d'Saints an d'Rams déi éischt Ronn fräi. Si treffen dann op op d'Gewënner vum Match Bears - Eagles a Cowboys - Seahawks.
Miami Dolphins - Buffalo Bills 17:42
Detroit Lions - Packers 31:0
Jacksonville Jaguars - Houston Texans 3:20
New York Jets - New England Patriots 3:28
Carolina Panthers - New Orleans Saints 33:14
Dallas Cowboys - New York Giants 36:35
Atlanta Falcons - Tampa Bay Buccaneers 34:32
Cleveland Browns - Baltimore Ravens 24:26
Oakland Raiders - Kansas City Chiefs 3:35
Chicago Bears - Minnesota Vikings 24:10
Cincinnati Bengals - Pittsburgh Steelers 13:16
Philadelphia Eagles - Washington Redskins 24:0
Los Angeles Chargers - Denver Broncos 23:9
San Francisco 49ers - Los Angeles Rams 32:48
Arizona Cardinals - Seattle Seahawks 24:27
Indianapolis Colts- Tennessee Titans 33:17
