
Costa Rica huet sech deen 32. a leschten Ticket fir d’Futtballweltmeeschterschaft um Enn vum Joer am Katar geséchert. D’Ekipp ronderëm de Golkipp Keylor Navas huet sech en Dënschdeg am interkontinentale Playoff-Match géint Neiséiland mat 1:0 (1:0) behaapt. Den decisive Gol huet de Campbell an der 3. Minutt geschoss. Neiséiland war vun der 69. Minutt un an Ënnerzuel.
Am Grupp E kritt Costa Rica et mat Spuenien, Däitschland a Japan ze dinn.
Gruppe AKatar
Ecuador
Senegal
Holland
Gruppe B
England
Iran
USA
Wales
Gruppe C
Argentinien
Saudi-Arabien
Mexiko
Polen
Gruppe D
Frankräich
Australien
Dänemark
Tunesien
Gruppe E
Spuenien
Costa Rica
Däitschland
Japan
Gruppe F
Belsch
Kanada
Marokko
Kroatien
Gruppe G
Brasilien
Serbien
Schwäiz
Kamerun
Gruppe H
Portugal
Ghana
Uruguay
Südkorea