
Béid Boxer ware bis dohin ongeschloen.
Dem Crawford säi Score ass elo bei 40 Victoiren a 40 Profikämpf, dovunner 31 duerch K.O.
Fir de Spence war et am 29. Fight déi éischt Néierlag.

Den Terence “Bud” Crawford huet elo d’Titele vun de Verbänn WBA, WBC, IBF a WBO.
An engem dominante Kampf huet hie säi Géigner 3 mol op de Buedem geschéckt. No 2min32 an der 9. Ronn huet de Ringriichter Harvey Dock de Kampf gestoppt.