
Den Anthony Moris huet an der saudescher Liga mat Al Khaleej géint de Starensemble vun Al Nassr Riad gespillt. Zu dëser Ekipp gehéieren ënner anerem de Cristiano Ronaldo, de Joao Felix an de Sadio Mané. De Lëtzebuerger Nationalgolkipp huet dobäi véier Mol mussen hannert sech gräifen a sou goung de Match 4:1 fir Al Nassr aus. Nieft dem Mané an dem Joao Felix huet virun allem de Gol vum Cristiano Ronaldo fir Bewonnerung gesuergt. De 40 Joer ale Portugis konnt per spektakulärem Fallrückzier an der 96. Minutt fir d'4:1-Resultat suergen.
Fir St. Pauli an den Danel Sinani stinn an der däitscher Bundesliga schwiereg Zäite bevir. Géint Union Berlin souz et déi aacht Néierlag hannerteneen - en negative Veräinsrekord. D’Hamburger haten eréischt no enger Stonn hiren éischte Schoss op de géigneresche Gol, duerno koum mat der Awiesslung vum Lëtzebuerger Nationalspiller an der 64. Minutt nach e bësse méi Schwong an d’Attack, mee fir den Ausgläich sollt et net duergoen. St. Pauli steet weider op der Relegatiounsplaz.
No dräi Néierlagen um Stéck konnt St. Pölten an der zweeter éisträichescher Liga mol nees gewannen. Am Heemmatch géint de Kapfenberger SV stoung et no 90 Minutten 2:1 fir d’Ekipp vum Dirk Carlson. St. Pölten bleift domat Tabellenéischten an huet ee Punkt Virsprong op Admira Wacker. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung 90 Minutten als Lénksverteideger um Terrain.
Fir den Olivier Thill ass a Serbien net esou gutt gelaf. Seng Ekipp vu Belgrad huet mat 1:3 géint Mladost Lucani de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun, gouf awer no 71 Minutte beim Stand vun 0:2 ausgewiesselt. Et war e schlechte Moment fir déi aacht Néierlag vu Belgrad, well Lucani en direkte Konkurrent am Kampf ëm den Titel-Playoff ass.
Winterthur huet 0:5 zu Bern bei de Young Boys verluer. Schonn no 29 Minutte stoung et 4:0 fir d’Heemekipp. De Marvin Martins stoung vun Ufank un um Terrain an huet duerchgespillt. Winterthur bleift op der leschter Plaz an der Tabell.
A Polen konnt Rzeszow 2:1 géint GKS Tychy gewannen. De Sébastien Thill stoung de ganze Match um Terrain an huet den 2:1 fir seng Ekipp virbereet.
An der 1. Bundesliga gouf et gutt Resultater fir d’Ekippe vun de Lëtzebuerger. Gladbach huet mat 3:0 zu Heidenheim gewonnen. Den Tiago Pereira souz déi 90 Minutten op der Bänk. Augsburg huet doheem 1:0 géint Hamburg d’Iwwerhand behalen, den Aiman Dardari stoung awer net am Kader.
An der 2. däitscher Liga gouf et eng 1:2-Néierlag fir Magdeburg zu Düsseldorf. Den Eldin Dzogovic gouf an der 90. Minutt beim 1:1 agewiesselt. De battere Géigegol an der 95. Minutt huet den Ofwierspiller um Terrain materlieft. Magdeburg huet no 13 Partië réischt 7 Punkten um Konto a bleift um Wupp vun der Tabell.
De Seid Korac huet an der italieenescher Serie B déi 2:0-Victoire vu senger Ekipp Venedeg zu Padova misse vun der Bänk aus verfollegen. No 13. Spilldeeg steet Venedeg op der 5. Plaz.
NAC Breda huet sech an der hollännescher Eredivise knapp mat 0:1 géint PSV misse geschloe ginn. Den Enes Mahmutovic war net am Kader.
Fir de Mathias Olesen gouf et iwwerdeems eng 2:4-Defaite géint den SV Darmstadt. War Greuther Fürth een Ament am Match a Féierung, esou konnten d’Lilie vun Darmstadt de Match um Enn awer souverän dréinen a gewannen.
En 1:1-Remis gouf et tëscht Beveren an Eupen an der 2. belscher Liga. De Laurent Jans stoung bei der Heemekipp vun Ufank un als Kapitän um Terrain an huet de Match duerchgespillt. An der Tabell bleift Beveren op der 1. Plaz.
Benfica huet sech an der portugisescher Coupe 2:0 bei Atletico duerchgesat a sech fir d’Aachtelsfinall qualifizéiert. De Leandro Barreiro gouf an der Paus beim 0:0 agewiesselt.
Net esou gutt ass fir de Florian Bohnert mat Bastia gelaf. De Lëtzebuerger hat et bei der 0:1-Defaite vu senger Ekipp zu Annecy net an de Kader gepackt.