Donieft gouf et kloer Victoirë fir Gladbach a Leverkusen. Den HSV huet sech zu Augsburg misse geschloe ginn.

Bayern huet däitlech mat 6:2 géint Freiburg gewonnen. An den éischten 20 Minutte waren d'Gäscht kloer iwwerleeën a waren deen Ament schonns 2:0 vir. Zwee Cornere sinn duergaange, fir de Neuer am Bayern Gol ze iwwerwannen. De Suzuki an de Manzambi hate getraff. Bayern huet awer zréckgeschloen a konnt an der 22 Minutt duerch de Karl op 1:2 verkierzen. An der Suite war d'Heemekipp besser an den Olise huet an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent ausgeglach. Déi zweet Hallschent war du ganz an der Hand vun de Münchener. Den Upamecano, de Kane, den Jackson an nach emol den Olise hu mat 4 Goler d'Endresultat hiergestallt.

Dortmund huet eng 2:0-Féierung géint Stuttgart aus der Hand ginn an um Enn 3:3 gläich gespillt. An der 1. Hallschent war Stuttgart déi besser Ekipp, d'Goler sinn op der anerer Säit gefall. Den Emre Can huet mat engem Eelefmeter fir den 1:0 gesuergt. De Beier konnt an der 41. Minutt erhéijen. D'Gäscht sinn nom Téi zréckkomm. Den Undav huet mat zwee Goler de Match nees ausgeglach. An der Schlussphas ass et nach emol héich hiergaangen. Den Adeyemi konnt de BVB nees vir bréngen. Kuerz drop huet den Undav mat sengem 3. Gol ausgeglach. Trotz 6 Minutten Nospillzäit sollt et beim 3:3 bleiwen.

Am Tabellekeller huet Heidenheim eng 0:3-Defaite géint Gladbach agestach. D'Gäscht, bei deenen de Lëtzebuerger Golkipp Tiago Pereira 90 Minutten op der Bänk souz, waren no engem Eelefmeter duerch den Diks virun der Paus a Féierung gaangen. Kuerz nom Säitewiessel ass dem Honorat no engem flotte Spillzuch den 2:0 gegléckt. De Machino huet an der 76. Minutt nach op 3:0 erhéicht. Heidenheim bleift mat 5 Punkte ganz ënnen an der Tabell. Gladbach krabbelt lues awer sécher aus dem Keller eraus.

Wolfsburg hat doheem keng Chance géint Leverkusen an huet sech mat 1:3 misse geschloe ginn. Augsburg war dem HSV mat 1:0 iwwerleeën.

An der Owespartie huet Köln knapp mat 3:4 géint Frankfurt de Kierzere gezunn. D’Heemekipp war nach a Féierung gaangen, Frankfurt konnt d’Partie awer virun der Paus nach dréinen. Nom Säitewiessel hunn d’Gäscht zwee weider Goler markéiert. Et huet ausgesi, wéi wann et eng kloer Victoire fir d’Ekipp vum Dino Toppmöller géif ginn. Köln huet sech an der Schlussphas awer zesummegerappt, konnt zweemol markéieren an de Réckstand op ee Gol verkierzen. Fir méi sollt et awer net duergoen. Frankfurt bleift no der Victoire an der Tabell op den internationale Plaze stoen.
An den aneren internationale Lige gouf och gespillt. An England huet Liverpool géint Nottingham verluer. 

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell