D'AS Roum ass nom 3:1 géint Cremonese provisoresch Tabellenéischten an der Serie A.

Bundesliga

Leipzig - Bremen 2:0
1:0 Quédraogo (63'), 2:0 Schlager (80')

Leipzig hat an der éischter Hallschent méi vum Match an och déi besser Golchancen, mee Bremen huet clever verteidegt an d'Null gehalen. Déi sollt awer an der 63. Minutt falen, wéi dem Quédraogo matzen am Bremer Stuermlaf e schéine Gol aus 18 Meter gelongen ass. Dat huet Bremen awer net dovun ofgehalen, weider no vir ze spillen. D'Gäscht kruten de Ball an der 72. Minutt zwar am Leipziger Gol ënnerbruecht, mee de VAR huet op Abseits entscheet. Nom zweete Gol vun de Stéieren war den Deckel drop. Fir Bremen ass et déi éischt Néierlag no fënnef Matcher ouni Punktverloscht. Leipzig avancéiert nees zum Bayern-Verfollger Nummer 1.

St. Pauli - Union Berlin (17.30 Auer)

Premier League

Arsenal - Tottenham (17.30 Auer)

Serie A

Cremonese - AS Roum 1:3
0:1 Soule (17'), 0:2 Ferguson (64'), 0:3 Wesley (69'), 1:3 Folino (90'+3)

Mat der 9. Victoire am 12. Match bleift d'AS Roum weider ganz uewen drun. Wann Inter Mailand de Spëtzematch géint den AC Mailand net gewanne sollt, ass d'Roma neien Tabelleleader.

Lazio Roum - Lecce (18.00 Auer)

An der Owespartie sti sech am Derby della Madonnina Inter Mailand an den AC Mailand géintiwwer.

Ligue 1

Auxerre - Lyon 0:0

Brest - Metz (17.15 Auer)

La Liga

Getafe - Atlético Madrid (18.30 Auer)