
“Hien huet ee Spill verpasst, elo ass e rëm am Kader, wéi ëmmer”, huet den Teammanager Erik ten Hag matgedeelt. Schonn en Dënschdeg huet de portugisesche Superstar nees mat der Ekipp trainéiert.
De Ronaldo war beim Premier-League-Match leschte Samschdeg aus disziplinaresche Grënn aus dem Kader gestrach ginn. Virdrun hat de Futtballer am Match géint Tottenham refuséiert, agewiesselt ze ginn an ass kuerz virum Enn an de Katakombe vum Stadion verschwonnen an huet sech de Schluss vum Match net méi ugekuckt.