Futtball-WM vun den DammenD'Aachtelsfinalle sti fest

RTL Lëtzebuerg
Nodeems en Donneschdeg déi lescht Matcher vun der Gruppephas gespillt goufen, sti vun e Samschden un d'Aachtelsfinallen um Programm.

Ënnert anerem kréien d’Amerikanerinnen et mat staarke Schwedinnen ze dinn an Kolumbien trëfft op d’Iwwerraschungsekipp aus Jamaika, déi d’Brasilianerinnen eliminéiert hunn. D’Südafrikanerinne konnte sech fir d’éischt an hirer Geschicht fir eng Aachtelsfinall bei enger Damme-WM qualifizéieren, wou si elo op Holland treffen. D’ Heemekipp aus Australien spillt géint d’Däninnen.

D’Aachtelsfinallen am Iwwerbléck

Schwäiz-Spuenien

Japan-Norwegen

Holland-Südafrika

Schweden-USA

England-Nigeria

Australien-Dänemark

Kolumbien-Jamaika

Frankräich-Marokko

Back to Top
CIM LOGO