Si konnten um Samschdeg eng kloer 7:0-Victoire feieren. Iwwerdeems huet Beetebuerg géint Ell gewonnen an Izeg/Cebra klappt d'Young Boys Dikrech.
Update: 04.12.2025 12:23
Damme vum Racing gewannen zu Hesper
Hesper bleift domat bei bis ewell 1. Victoire an dëser Saison.
An der 1. Liga bei den Dammen ass de Ball aneschters wéi bei den Hären de Weekend gerullt. Ënnert anerem ka sech de Racing mat 7:0 géint Hesper duerchsetzen. Den Tom Hoffmann war sech de Match ukucken.