Juristesche Sträit mam Swift HesperDan Theis krut an enger 1. Affär um Aarbechtsgeriicht Recht

RTL Lëtzebuerg
Am juristesche Sträit mat sengem Ex-Veräi Swift Hesper huet den Dan Theis en Donneschdeg an enger 1. Affär um Aarbechtsgeriicht an der Stad Recht kritt.
© pressphoto Archiv

Den Opsteiger muss dem fréieren Nationalspiller a virleschten Trainer deemno souwuel d’Opstigsprimm vun der leschter Saison bezuele wéi och seng Pai vum Oktober.

Där Ordonnance vun der Presidentin vum Tribunal du Travail muss de Swift iwwregens nokommen, egal ob de Club Appell mécht oder net.

Back to Top
CIM LOGO