Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDanel Sinani bei Victoire vu Waasland-Beveren just op der Bänk

RTL Lëtzebuerg
An der 2. Liga a Portugal souz den Eric Veiga beim Remis vu Vilafranquense och just op der Bänk.
© pressphoto (Archiv)

Am belsche Championnat huet Waasland-Beveren e Mëttwoch den Owend mat 1:0 géint Eupen gewonnen. Den Danel Sinani souz bei der Lokalekipp déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. Waasland-Beveren steet aktuell mat 24 Punkten op der Relegatiounsplaz an der Tabell.

An der 2. Liga a Portugal huet Vilafranquense auswäerts géint CD Cova da Piedade 1:1 gespillt. Den Eric Veiga souz bei de Gäscht déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. An der Tabell steet d’Ekipp vum Lëtzebuerger no 19 Matcher mat 19 Punkten op der 14. Plaz an ass 4 Punkte vun den Ofstigsplazen ewech.

Back to Top
CIM LOGO