
D’Weltfuttballfederatioun FIFA huet Dänemark verbueden, bei der Weltmeeschterschaft am Katar mat Trikoten ze trainéieren, op deenen “Human Rights for All”, also Mënscherechter fir jidderee steet.
Déi dänesch Nationalekipp wollt domat en Zeeche fir de Respekt vun auslänneschen Aarbechter an d’Rechter vun der LGBT-Communautéit a Katar setzen.