
Dobäi war u sech näischt Kriddeleges geschitt. De Journalist stoung bei engem Rond-point an der Haaptstad Doha a säi Kameramann hat gefilmt. Ma no kuerzer Zäit hate kataresch Sécherheetsleit probéiert, déi zwee un hirer Aarbecht ze hënneren. De Journalist huet de Sécherheetsleit doropshi gesot, dass de Katar déi ganz Welt invitéiert hätt a si gefrot, firwat op dëser Plaz net dierft gefilmt ginn.
Antëscht hunn d’kataresch Responsabel sech bei der dänescher Tëleeschaîne entschëllegt.