
Elo ass et um Grupp F, wou direkt zwou grouss Ekippe mat dra sinn, déi et op der leschter WM ënnert déi 4 bescht Ekippe gepackt haten.
Op der Weltmeeschterschaft a Russland goufen d’Belsch an der Halleffinall vum spéidere Weltmeeschter Frankräich eliminéiert, iwwerdeems d’Kroatien et bis an d’Finall gepackt hat. Béid Ekippe spillen elo an der Gruppephase schonns géinteneen. Kroatien war viru 4 Joer sécherlech déi grouss Iwwerraschung. De gebiertege Kroat a fréiere BGL-Ligue-Spiller Dario Maric ass der Meenung, datt duerch de Vize-Weltmeeschtertitel awer kee speziellen Drock elo op der Ekipp läit.
“Kroatien ass ee klengt Land. Wat si viru 4 Joer geleescht hunn, ass aussergewéinlech, am Verglach mat deene grousse Länner. Dofir laascht guer keen Drock op hinnen. Si solle vu Match zu Match kucken, wat op dëser WM méiglech ass an einfach déi Momenter genéissen.”
Fir den Dario Maric hänkt vill bannent der kroatescher Ekipp vun hirem Superstar Luka Modric of.
“Wann de Luka Modric a senger Chefroll de ganzen Orchester dirigéiert kritt, kann een de Kroate schonns eng gutt WM zoutrauen.”
Déi kroatesch Ekipp ass duerch d’Bank ganz gutt opgestallt.
“Mam Mateo Kovacic, dem Marcelo Brozovic an dem Ballon d’Or vun 2018 huet Kroatien mat dat stäerkst Mëttelfeld op der Welt. An der Verdeedegung sinn e puer Jonker, déi elo eropkommen a wäerten an der Zukunft eng wichteg Roll spillen: Ech denken un de Gvardiol vu Leipzig an un de Sutalo vun Dinamo Zagreb, déi a jonke Jore schonns ee gutt Potential weisen.”
Fir den Dario Maric ginn et awer och zwou Schwaachstellen an der kroatescher Ekipp
“Golkipp-Positioun ass schlecht besat an ee richtege Stoussstiermer vu Weltformat feelt, säit dem Ofgank vum Mandžukić.”
D’Kroaten an d’Belsch sinn déi zwou Ekippen, déi et dierften an d’KO-Ronn packen. Déi zwou aner am Grupp F sinn dann nach Marokko a Kanada.
“Marokko däerf een net ënnerschätzen. Déi hunn e puer ganz gutt Spiller. Kanada ass een Newcomer. Si wäerten eng Aussesäiterroll an där Grupp spillen.”
D’Kroate spillen am éischte Match e Mëttwoch géint Marokko. An e Mëttwoch spillen dann och d’Belsch géint Kanada.
