SnookerDe 7-fache Weltmeeschter Stephen Hendry gëtt säi Comeback

RTL Lëtzebuerg
Nodeems hie virun 8 Joer senger Karriär een Enn gesat hat, gëtt den 51 Joer ale Schott elo säi Comeback.

Hie kritt vun der World Snooker Tour eng Wildcard fir déi nächst zwou Saisonen. Säi éischten Optrëtt wäert hien deemno beim European Master am englesche Milton Keynes ginn, dat vum 21. bis de 27. September. Dës Kompetitioun konnt hien iwwregens schonns 4 Mol gewannen.

Nodeems hien 2012 an der Véierelsfinall vun der WM verluer hat, hat hie seng Queue an den Eck gestallt an domat enger erfollegräicher Karriär een Enn gesat. Tëscht 1990 an 1999 war hie 7 Mol Weltmeeschter ginn, dat ass bis elo nach ëmmer Rekord.

"Ech sinn opgereegt, nees zeréck un den Dësch ze kommen. Sportlech hunn ech keng speziell Erwaardungen, et fillt sech just gutt un, zeréckzekommen.", esou den Hendry.

Back to Top
CIM LOGO