Wëlzer KapitänDe Chris Philipps iwwert seng Blessur, d'Victoire géint d'Fola a seng Zukunft

RTL Lëtzebuerg
Am Kampf ëm de Maintien hat den FC Wolz 71 d'Fola Esch bei sech op Besuch. Nieft dëser Partie stoung awer ee Spiller besonnesch am Virdergrond.
De Chris Philipps iwwer d'Victoire géint d'Fola a Villes méi
Am Kampf ëm de Maintien hat den FC Wolz 71 d’Fola Esch bei sech op Besuch. Nieft dëser Partie stoung awer ee Spiller besonnesch am Virdergrond.

Portait Chris Philipps / Sam Rickal

31 Ligue-1-Matcher fir den FC Metz, 25 Mol fir Preussen Münster, Doublé-Gewënner mat Legia Warschau a Polen a 55 Matcher am Dress vun der Nationalekipp huet de Chris Philipps a sengem Palmarès stoen. No SK Lommel spillt hien zanter November 2020 fir den FC Wolz 71 an der BGL Ligue. Ee Choix, deen de gebiertegen Éisleker bis haut net bereit huet.

“Am Endeffekt war et eng Decisioun, déi och deem geschold war, wat dee Moment an der Welt lass war. Et war sécherlech zu dem Zäitpunkt net mäin Zil, zeréck an d’Land ze kommen. Et muss een d’Liewen huele wéi et ass an et ass dunn eben esou entstanen. Fir mech war dee Moment awer de Choix relativ kloer, hei op Wolz ze kommen, well ech ëmmer gesot hunn, wann ech rëmkommen, da wëll ech eppes maachen, wat mer dann och um Häerz läit a mer eppes bedeit an dat war dann hei ebe ginn a sou gesinn, hunn ech déi Decisioun net bereit.”

Déi leschte Kéier stoung de Chris Philipps am November 2019 bei der 2:3-Defaite géint Serbien mat der Nationalekipp um Terrain. Duerno gouf hien zwar nach nominéiert, blouf awer ouni Asaz. Eng Blessur an der leschter Partie virun de Lännermatcher an der Nations League am September huet mat sech bruecht, datt de 55-fachen Nationalspiller Forfait huet missen erklären. Eng Situatioun, déi net einfach ze verdaue war.

“Et war net déi éischte Kéier, datt mir dat sou kuerz virum Stage geschitt ass. Dat ass scho bësse Pech vu menger Säit aus. Ech hunn och mam Nationaltrainer driwwer geschwat, wat een do ännere kéint, fir déi Saachen z’evitéieren. Ech hoffen natierlech, dass ech d’Chance nach eng Kéier kréien. Ech si mer bewosst, datt mir eben duerch ganz vill Spiller am Ausland natierlech och haut eng aner Qualitéit am Kader hunn, wéi déi Zäit wou ech ugefaangen hunn an et gëtt net méi einfach an Zukunft. Trotz allem probéieren ech, mech iwwert meng Leeschtung ze presentéieren a wann dat klappt, da sinn ech zouversiichtlech, dass rëm iergendwann eng Kéier d’Dier opgeet.”

E Sonndeg am Match géint d’Escher Fola louche Leed a Freed an der éischter Hallschent nëmmen 2 Minutten auserneen. Fir d’éischt huet de Wëlzer Kapitän an der 6. Minutt zesumme mat senger Defense beim Gol vum Runser net gutt ausgesinn. Kuerz drop konnt de Chris Philipps selwer den Ausgläich markéieren. Hie selwer huet d’Ufanksphas esou gesinn:

“Fir mech ass et e ganz kloren individuelle Feeler, deen da “kasch” bezuelt gëtt. Am Endeffekt denken ech awer, hu mir eis doduerch net aus der Rou brénge gelooss an hunn dunn och relativ séier reagéiert. An ech mengen déi zweet Hallschent huet nëmmen eng Ekipp gespillt.”
A genee dat war och de Fall, well no ronn enger Stonn krut Wolz nom Foul um agewiesselte Romeyns en Eelefmeter fir sech gepaff. De Gefoulten ass selwer ugetrueden an huet de Ball äiskal eragesat.

Den 21 Joer jonke Belsch hat du Blutt geleckt a konnt no engem flotte Solo, 3 Minutten no sengem éischte Gol, de Score op 3:1 stellen.

An dëser gudder Wëlzer Phas war hir Offensiv du waarm gelaf an de Jaiteh konnt kuerz drop de 4:1 markéieren. Dobäi huet den Da Costa am Escher Gol alles anescht wéi gutt ausgesinn. Vum 1:1 op 4:1 an dat bannent 8 Minutten.

Fir d'5:1-Schlussresultat konnt dunn op en Neits de Jaiteh, no flotter Virlag vum Chris Philipps, an der 80. Minutt suergen.

De Wëlzer Kapitän war no der Victoire zouversiichtlech, datt et mam Maintien dës Saison kéint klappen.

“Ech denken, datt een haut [Sonndeg] gesinn huet, datt dat och sécherlech eng Ekipp ass, mat där mir eis op Aenhéicht beweegen. Déi zwou Ekippe mussen dat nämmlecht Zil hunn dës Saison. Ech gesinn op der anerer Säit nu leider och net méi Qualitéit, wéi dat wou d’Ekippe momentan stinn. Dofir ass et ee wichtegen Dräier géint een direkte Konkurrent. Am Endeffekt musse mir op eis kucken a wa mir eis Matcher duerchbréngen, zemools géint déi direkt Konkurrenten, da maachen ech mir keng Suergen, datt mir dës Saison net eng roueg Saison spillen.”

No dëser Saison leeft de Kontrakt vum 28 Joer jonke Lëtzebuerger aus. No enger 7. Plaz am leschte Joer an nom Maintien am Eelefmeterschéissen am Barragematch d’lescht Joer ass a Saachen Zukunft nach keng Decisioun gefall.

“Ech hu mech hei engagéiert fir 3 Joer. Et geet fir mech e bëssen drëm: a wéi eng Richtung wëll de Club an Zukunft goen? Dat si Gespréicher, déi wëlle mir an den nächste Woche féieren, well et fir mech einfach wichteg ass, datt de Club déi Ambitioune behält, sou wäit wéi méiglech uewen an der Tabell ze sinn, no enger leschter Saison, déi net gutt war. Et ass natierlech net dat, wat ech all Joer wëll spillen, mä ech mengen, datt de Club do op engem gudde Wee ass. Lo fänken d’Diskussiounen u fir d’Zukunft an da musse mer kucken, ob mer zesummen e Wee fannen oder net, mä ech si sécherlech net ofgeneigt”, sou de Chris Philipps.

3 wichteg Punkte fir Wolz am Kampf ëm de Maintien a fir déi Escher Fola geet den Negativtrend weider.

Back to Top
CIM LOGO