Lëtzebuerger Nummer 1 am Tennis De Chris Rodesch erweidert säin Trainerstaff

Tom Hoffmann
De Gilles Müller an de fréiere Coach vum Robin Söderling, der fréierer Nummer 4 vun der Welt, trainéieren elo mat der Lëtzebuerger Nummer 1.
De Chris Rodesch erweidert säin Trainerstaff
De Gilles Müller an de fréiere Coach vum Robin Söderling, der fréierer Nummer 4 vun der Welt, trainéieren elo mat der Lëtzebuerger Nummer 1.

D’Tennisspiller sinn amgaangen, sech op deen éischte Grand Slam vum Joer ze preparéieren. DAustralian Open fänken den 12. Januar 2026 un an dat vläicht mat Lëtzebuerger Participatioun. Fir de Chris Rodesch ass et nämlech méiglech, sech iwwert de Wee vun der Qualifikatioun fir den Haapttableau vum Grand Slam ze qualifizéieren. Dass dat ka klappen, huet hie schonn d’lescht Joer zu Wimbledon gewisen. Bis dohi war et e gutt Joer vun der Lëtzebuerger Nummer 1:

“No Wimbledon hunn ech mech blesséiert, dowéinst war déi zweet Hallschent vum Joer net optimal. Ech war bal dräi Méint verletzt. Am zweetleschten Tournoi vum Joer hunn ech awer nees gutt gespillt, dee mech elo gutt fir 2026 virbereet huet.”

Wéinst der Blessur ass de Chris Rodesch an der Weltranglëscht no hanne gefall. Aktuell steet de 24 Joer alen Tennisspiller op der Plaz 210, gouf awer och scho Mol als 150. klasséiert. Duerch dëst positiivt Joer an aner finanziell Méiglechkeete gouf de Staff elo vergréissert, fir an der Weltranglëscht nees no vir ze kommen:

“Heiheem trainéieren ech ëmmer mam Anders Johansson an ech hunn elo mam Peter Carlsson, den Ex -Coach vum Robin Söderling, a mam Gilles Müller zwee Travel-Coachen, déi mech op bal all Tournoie wäerte begleeden. Am Fitness hunn ech mam Frank Eicher elo ugefaangen ze schaffen. Dat heescht, ech hu mech elo méi grouss opgestallt an ech mengen dat ass och wichteg fir d’ Zukunft.”

Wichteg ass et och fir tëschent den Tournoien am Ausland en Austausch ze hunn. Dat war lescht Saison net ëmmer méiglech, well de Chris Rodesch gréisstendeels eleng ënnerwee war:

“De mentale Support ass extreem wichteg. An ech mengen do déi richteg Leit ze hunn, déi der och do heiansdo am Down-Moment e bësse Support ginn, dat ass och extreem wichteg als Tennisspiller. An dann natierlech och den Debrief no de Matcher. Ech mengen, de Peter rennt déi ganze Säit mat sengem Notebook ronderëm an notéiert sech alles. De Gilles notéiert sech dat méi am Kapp. Mee jo, déi zwee, déi maachen och d’Analys vu menge Géigner. An dat ass och extreem wichteg.”

Den Training leeft aktuell op Héichtouren, mee ier et an Australien geet, ass nach eng Tëschestatioun ageplangt, fir sech optimal ob deen éischte Grand Slam vum Joer ze preparéieren:

“Ech ginn op Melbourne, fir do sou vill Matcher ze gewanne wéi méiglech. Ech spillen nach en Tournoi zu Hongkong virdrun, eng Quali vun engem 250er. Ech hoffen, dass ech mech ganz gutt ka virbereede fir d’Australian Open.”

Sylvester wäert de Chris Rodesch net doheem feiere well, den 31. Dezember klëmmt hien an de Fliger Richtung China.

Back to Top
CIM LOGO