
Déi aktuell Nummer 1 Gerwyn Price ass géint de Mann op der Plaz 17 vun der Weltranglëscht José de Sousa ugetrueden. De Waliser war zwar net an Topform, mee huet d’Partie um Enn kloer mat 4: 1 gewonnen, och wann de Portugis ugangs gutt matgespillt huet.
Duerno war et un der aktueller Nummer 7 an der Welt Jonny Clayton, deen a senger Aachtelsfinall mam Newcomer Josh Rock ee Géigner hat, deen a sengem Alter schonn Héchstleeschtunge kann ofruffen. De jonken Nordir huet dann och de Match um Depart kloer dominéiert. Duerno huet de Routinier Clayton d’Kontroll iwwer de Match een Ament nees erëmkritt. No enger spannender Partie stoung et um Schluss 4:3 an den Jonny Clayton mat zwee Féiss an der nächster Ronn.