
Sollt et sech bei dëser Fiche wierklech ëm dem Keylor Navas säi Paiziedel handelen, da géif den Ex-Golkipper vu Real Madrid eng astronomesch Pai all Mount vum PSG kréien.

Rieds geet hei vun 860.000€, déi de Futtballer soll all Mount brutto kréien. Um Enn géifen e bësse méi wéi 615.000€ netto iwwreg bleiwen .
An dëser Zomm ass iwwregens och eng sougenannte "prime d'éthique" mat dran, déi sech op 143.922€ beleeft.