Futtball-Nationaltrainer Luc HoltzDe Kader fir d'Matcher géint Ungarn a Bulgarien steet

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet de Futtball-Nationaltrainer Luc Holtz de Kader fir déi béid Frëndschaftslännermatcher heiheem géint Ungarn a Bulgarien bekannt ginn.
D'Kadere fir d'Matcher géint Ungarn a Bulgarien sti fest
4 nei Spiller hunn de Sprong an d’Nationalekipp gepackt.

Kader Futtball-Nationalekipp / Rep. Sam Rickal

Et goufen e puer Iwwerraschungen. Fir d’éischte Kéier nominéiert sinn den Dejvid Sinani, den Tiago Pereira, den James Rodrigues an de Selim Turping.

Nees mat dobäi sinn de Sofiane Ikene a Fabio Lohei, wéi och de Mathias Olesen, deen no der Blessur nees zeréck an de Kader kënnt.

Blesséiert falen de Christopher Martins an och den Olivier Thill weiderhin aus, mee och de Marvin Martins huet blesséiert misse Forfait erklären.

Lass geet et de 17. November mam Match géint Ungarn, ier et dann dräi Deeg drop géint Bulgarien geet.

© FLF

PDF: Schreiwes FLF

Back to Top
CIM LOGO