FuttballDe Lars Gerson zitt et aus Schweden a Spuenien

RTL Lëtzebuerg
De Lars Gerson wäert a Spuenien bei de Racing Santander wiesselen.
© pressphoto (Archiv)

Dës Informatioun vum Tageblatt krute och RTL confirméiert. De Kontrakt vum Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller beim Veräin aus der drëtter Divisioun a Spuenien, gëtt awer eréischt an den nächste Stonnen ënnerschriwwen.

Den 31 Joer alen Zentralverteideger war déi lescht 13 Joer an Norwegen an a Schweden Profi. Säi Kontrakt bei Norrköping war elo am Dezember ausgelaf. De 75-fachen FLF-Nationalspiller hätt och kënnen a Schweden verlängeren. De Gerson huet sech awer elo entscheet, emol fir 6 Méint a Südeuropa ze wiesselen. D’Zil vum spueneschen Traditiounsveräin ass et, an d’zweet Liga opzesteigen.

Back to Top
CIM LOGO