Scholde-Veräin FC BarcelonaDe Lionel Messi huet an de leschte 4 Joer 555 Milliounen Euro verdéngt

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Corona-Kris ass den FC Barcelona ferme an d'Laberente geroden. D'Scholde leie bei 1,173 Milliarden Euro.
© AFP Archivbild

E Grond fir d’Scholde sollen déi extrem héich Paie vun munche Spiller sinn. An deem Kader huet déi spuenesch Zeitung “El Mundo” elo de Kontrakt vum Lionel Messi verëffentlecht. De Barça-Star schéngt deemno keng Problemer mat Scholden ze hunn, hien huet an de leschte Joren net manner wéi 555 Milliounen Euro verdéngt. Fir genee ze sinn, goufen am Kontrakt 555.237.619 Euro brutto am Zäitraum vum 30. Juni 2017 an dem 30. Juni 2021 festgehalen.

Mat abegraff wier souguer eng Zousaz-Primm vun 115,225 Milliounen Euro, fir dass de Lionel Messi de Veräin nëmmen net soll verloossen. Eng weider Primm, fir dem FC Barcelona loyal ze bleiwen, soll bei 77,929 Milliounen Euro leien.

Wéi “El Mundo” weider bericht, solle schonn 92% vun de Suen ausbezuelt gi sinn.

Op déi Manéier dierft dem spuenesche Veräin lues awer sécher d’Loft ausgoen. Hir Scholde leien den Amant bei 1,173 Milliarden Euro. Dat geet aus dem Finanzbericht vum Club ervir, deen Uganks der Woch public gemaach gouf.

730 Millioune sollen deemnächst zeréckbezuelt ginn, 266 Milliounen Euro souguer bis den 30. Juni dëst Joer. Am Hibléck op déi aktuell Corona-Pandemie schéngt dëst awer bal onméiglech, déi wichteg Recetten duerch d’Spectateure bleiwe jo weiderhin aus.

Back to Top
CIM LOGO