Bis 2025De Pep Guardiola verlängert Kontrakt bei Man City

RTL Lëtzebuerg
De Pep Guardiola huet säi Kontrakt bei Manchester City bis 2025 verlängert, dat huet den englesche Champion um Mëttwoch matgedeelt.

Hien ass zanter 2016 Trainer vu City an huet bis elo 4 Championstitelen an England gewonnen.

An der Champions League ass et bis ewell eng Kéier bis an d’Finall gaangen, allerdéngs gouf et do 2021 eng Néierlag géint Chelsea.

Back to Top
CIM LOGO