BGL LigueDe Racing an Nidderkuer séchere sech 3 Punkten

RTL Lëtzebuerg
De Racing ka sech mat 2:1 zu Rouspert duerchsetzen an Nidderkuer wënnt doheem mat 4:1 géint Hamm Benfica.
© Meris Muratovic

Um Samschdeg stoungen 2 Matcher vum 18. Spilldag um Programm. An engem schwaache Match ka sech de Racing mat 2:1 zu Rouspert duerchsetzen an Nidderkuer wënnt mat 4:1 géint den Tabelle-15. Hamm Benfica.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

D’Resuméë vun de Matcher

Progrès Nidderkuer - RM Hamm Benfica 4:1
1:0 Habbas (19.’), 2:0 Shala (54.’), 2:1 Shala (61.’, Eegegol), 3:1 Shala (65.’), 4:1 Shala (90.+3.’)

Hamm war gutt an de Match gestart an hat e puer Chancen. Mee dunn huet de Progrès reagéiert a konnt an der 19. Minutt duerch den Habbas a Féierung goen. No enger Flank vum Tekiela stoung den Habbas goldrichteg an huet de Ball fir den 1:0 an de Gol geschoss.

An den zweete 45 Minutten hat et 9 Minutte gedauert wéi de Shala no enger weiderer Virlag vum Tekiela den 2:0 schéisse konnt. Aus dem näischt ass Hamm an der 61. Minutt den 1:2 gelongen wéi de Shala de Ball an den eegene Gol gekäppt huet. Mee nëmme 4 Minutte méi spéit huet de Shala säi Feeler nees gutt gemaach an huet den 3:1 markéiert. An der Nospillzäit huet de Shala de 4:1 markéiert an domadder en Hattrick realiséiert.

Victoria Rouspert - RFCUL 1:2
0:1 Dembélé (45.’), 0:2 Dembélé (84.’), 1:2 Spruds (90.+1.’)

E schwaache Match gouf et zu Rouspert ze gesinn. De Racing war an der éischter Hallschent liicht besser mee Kreativitéit a propper technesche Futtball hunn och si vermësse gelooss. Trotz allem ass de Gäscht virun der Paus den 1:0 duerch den Dembélé gelongen. Bei enger Flank ass de Golkipper vu Rouspert op der Linn stoe bliwwen amplaz eraus ze kommen an esou hat den Dembélé keng Problemer an de Gol ze käppen.

Och no der Paus war et weiderhin kee gudde Match an esou ass och net vill geschitt bis zur 84. Minutt wéi et nees eng kéier den Dembélé war deen de Ball no Virlag vum Holter an de Gol schéisse konnt. Zwar konnt de Spruds an der Nospillzäit nach op 1:2 verkierzen mee dee Gol koum ze spéit.

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO