BundesligaDe Schwäizer Christian Gross soll neien Trainer vu Schalke 04 ginn

RTL Lëtzebuerg
De 66 Joer ale Gross, deen eigentlech schonn e Schlussstréch ënnert seng Karriär gezunn hat, soll e Kontrakt bis d'Enn vun der Saison kréien.

Schalke 04 ass jo aktuell den Tabelleleschten an der Bundesliga. De Gross gëtt de 4. Trainer fir dës Saison bei de Kinneksbloen.
Hien huet vun 2009 bis 2010 de VfB Stuttgart trainéiert an huet déi lescht 8 Joer a Saudi-Arabien an an Ägypten geschafft. Mat de Grasshoper Zürich a mam FC Basel war hie virdru 6 Mol Schwäizer Champion ginn.

Schalke ass an der Bundesliga zanter 29 Matcher ouni Victoire an hat sech e Freideg vum Trainer Manuel Baum getrennt. Fir 2 Matcher hat den Huub Stevens Plaz um Trainerstull geholl, éier dann elo de Christian Gross soll als Retter säi Gléck probéieren.

Back to Top
CIM LOGO