TransfertDe Sébastien Thill soll bei Hansa Rostock an déi 2. däitsch Bundesliga wiesselen

RTL Lëtzebuerg
Den Deal, deen zwar nach net vum däitschen Zweetligist confirméiert gouf, wier fix, heescht et am Tageblatt.
© RTL-Archiv

Dat hat de Sébastien Thill e Méindeg den Owend op Nofro hi vun RTL awer nach dementéiert.

Sheriff Tiraspol, mat deenen den Thill d’lescht Saison jo an der Champions League gespillt hat, hätt d’Kaf-Optioun fir den 28 Joer ale Lëtzebuerger net gezunn.

D’Saison an der 2. Bundesliga fänkt fir Rostock de 17. Juli, mat der Partie doheem géint Heidenheim un.

Back to Top
CIM LOGO