
Dëst wier mat Effet immediat. D’Veräinsféierung mam Bernd Schröder, Christina Rühl-Hamers a Peter Knäbel hunn hiren Accord ginn, mat Bedaueren. “Ouni d’Aarbecht vum Rouven Schröder wier den FC Schalke 04 a senger gewinnter Form net méi ginn”, sou de Knäbel.
Him wier d’Decisioun och net liicht gefall, Schalke 04 ze verloossen, et hätt een 18 héchst intensiv Méint erlieft.
De Peter Knäbel iwwerhëlt den Interim.
Nëmmen e puer Stonnen drop huet Schalke dunn den neien Trainer virgestallt. Den Thomas Reis, deen am Ufank vun der Saison nach fir Bochum un der Säitelinn stoung, iwwerhëlt op Schalke. Sport1-Informatiounen no krut de Reis e Kontrakt bis 2024, deen awer och fir déi zweet Bundesliga gëllt.