D'Entwécklung ass rasant no uewe geschoss. De Walfer Vollekslaf ass séier aus de Kannerschong geklommen an no e puer Joer ass eng impressionnant Mass vu Leefer duerch Walfer a Richtung Steesel gezunn. De Walfer Vollekslaf war e Must gi fir all déi Leit déi vum Lafe begeeschtert sinn oder duerch de Vollekslaf de Goût um Lafe kruten. D'Organisateuren hunn sech net op de Lorberen ausgerout an hunn 1987 e Kannerlaf an d'Liewe geruff. Mat op Anhieb 1014 Kleng Leefer a Leeferinnen um Depart, gouf et e fulminanten Erfolleg.
De Challenge Marc Savic war e weidere Meilesteen an der Entwécklung vum Vollekslaf. De Marc Savic, ee vun de Moteure vum Vollekslaf war 2012 no enger hartnäckeger Krankheet verstuerwen. An Zesummenaarbecht mat der LASEL hunn zanter 2013 ëmmer mei Studenten a Studentinnen aus verschiddene Schoulen zu Walfer deelgeholl. De Vollekslaf ass dat gi wat de Numm ausdréckt. Do gëtt et eng Plaz fir jiddereen. Deemno ass et net iwwerraschend dass déi Responsabel am Kader vum 50. Anniversaire eng Rei vun Aktivitéite ronderëm d'Beweegung an d'Gesondheet organiséieren.
Op der Table Ronde, déi am Kader vun de 50 Joer organiséiert gouf, sinn interessant Themaen ugesprach ginn aus deenen ënnerschiddlechste Perspektive mat unerkannten Experten. Theorie ass dat eent, d'Praxis dat anert. Am Idealfall setze béid am selwechte Boot. De Walfer Vollekslaf ass jiddefalls en Expert am Beräich vun der Praxis an dat zanter 50 Joer.