Special Olympics National Däitsch Spiller am SaarlandLëtzebuerg war am 3x3 Basket mat 10 Athletinnen an Athleten am Saarland dobäi

Serge Olmo
Et handelt et sech ëm dat gréisst Multi-Sportevent am Joer 2026 fir Mënsche mat geeschteger Behënnerung an Däitschland.
4.300 Sportler ware bei de Nationale Spiller am Saarland mat dobäi.
D'Lëtzebuerger Delegatioun war zu Saarbrécken beim 3x3 Basket mat 2 Ekippen um Start.

D’Biller vun der Erëffnungszeremonie weise wéi grouss dat Special Olympics Event vun eisen Däitschen Noperen opgezu gouf. De leschte Méindeg waren am Ludwigsparkstadion zu Saarbrécken ronn 16000 Leit versammelt fir de Spektakel ze suivéieren. Déi National Spiller ware lancéiert. Eng Manifestatioun wou 4.300 Sportlerinnen a Sportler souwéi Unified Partnerinnen a Partner (Mënschen ouni Behënnerung) a 27 verschiddenen Disziplinne versicht hunn hiert Bescht ze ginn.

Eng 2.500 Volontairen hunn zu engem groussen Deel dozou bäigedroen datt dës Spiller e grousse Succès waren.

Et waren zwar National Spiller mee 12 Natioune ware mat invitéiert. Natierlech gëtt do d’Zesummeliewe grouss geschriwwen. Déi Lëtzebuerger Delegatioun war déi éischt Deeg zu Überherrn net wäit vu Saarbrécken ewech ënnerbruecht.

Fir datt op 23 verschiddenen Sitten offiziell Kompetitioune kënne duerchgefouert ginn huet et organisatoresch misste klappen. Et waren net nëmme Lëtzebuerger do déi sech sportlech betätegt hunn.

D’Lëtzebuerger Special Olympics ware mat zwou 3x3 Ekippe vertrueden. Bei de Special Olympics Organisatiounen ass d’Gewannen net dat Wichtegst. Intellektuell beanträchtegt Sportler mat net beanträchtegen Athleten an Accompagnateure sollen zesumme flott Momenter erliewen.
D’Inklusioun gëtt deemno ganz grouss geschriwwen um Terrain awer virun allem  ronderëm. Am 3x3 Basket sinn d’Reegele komplett anerer wéi am traditionelle Basket. Et ass och ëmmer ee Partner um Terrain.

D’Mighty Red Lions a Rout Wäiss Blo hunn alles ginn esouwuel an de Frëndschaftsmatcher wéi bei de Kompetitiounen. D’Konditioune waren déi lescht Deeg net evident. Trotz grousser Hëtzt hunn d’Special Olympics Athlete probéiert un hire Maximum ze goen.

D’Grand Duchy Hoopers waren déi aner Ekipp vun de Special Olympics Lëtzebuerg. Dës hunn hiren däitsche Géigner an dësem Duell guer keng Chance gelooss. Natierlech ass d’Motivatioun bei esou Auslandsdeplacementer um Maximum. Am Hannerkapp hunn d’Athleten awer och d’Weltspiller déi d’nächst Joer am Chile sinn. Jiddereen wëll sech heifir qualifizéieren a weist sech bei offizielle Kompetitioune vu senger beschter Säit.

Schlussendlech hunn d’Grand Duchy Hoopers mam Marco Rock oder Rocky als Trainer an hirer Kategorie Gold gewonnen an d’Mighty Red Lions, déi vum Julie Schiel gecoacht goufen, kruten an hirer Kategorie sëlwer.

Wat d’Athleten an d’Accompagnateuren am Verlaf vun deene Spiller erlieft hu geet allerdéngs ganz wäit iwwert d’Zuelen an d’Klassementer eraus.

Back to Top
CIM LOGO